Suessem
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Sanem de: Sassenheim, Sanem |
|||
Gemeng | Suessem | |||
Buergermeeschter | Georges Engel (LSAP) | |||
Kanton | Esch-Uelzecht | |||
Awunner | 2450 | |||
Fläch | ha | |||
Awunner (Gemeng) | 13.505 (STATEC 2002) | |||
Fläch (Gemeng) | 2442 ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Suessem ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen an ass gläichzäiteg och eng vun de gréissten Uertschaften aus dëser Gemeng. Suessem ass ausserdeem Member vum Syndicat des Tramways Intercommunaux dans le Canton d'Esch (TICE).
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Suessem ass eng Gemeng am ënneschte Minett a läit tëscht de Gemengen Esch-Uelzecht, Déifferdeng a Monnerech.
Den Zolwerknapp (Zolwer) gëllt mat 422 Meter als déi héchste Plaz am Guttland.
D'Gemeng Suessem besteet aus den Uertschaften:
[Änneren] Geschicht vun der Uertschaft
Den Numm Suessem kënnt fir d'éischt 1268 als Sasseheim vir. Ähnlech Forme sinn:
- Sasenheim, 1274
- Sayssinneim, 1274
- Saneim, 1291
- Zaissenem, 1293
- Saney, 1311
- Saissenheim, 1370
- Sasenhem, 1385
De Numm Sassenheim besteet aus dem Grondwuert "Sassen-" an der Nosilb "-heim". Uertschaften, déi mat der Nosilb "-heim" ophalen, ginn dacks op eng Grënnung duerch d'Germanen zu der Zäit vun der Vëlkerwanderung zeréck. D'Grondwuert "Sassen" leed sech vum germanesche Numm Sahso of, dat iwwersat "Der Sachse" bedeit. Et gëtt ungeholl, datt d'Siedlung nom Sippen-Eelsten benannt gouf. Enger zweeter Theorie no, soll d'Uertschaft ëm d'Joer 1000 entstane sinn. Deemools goufe Leibeigene vun Adelegen och nach Hintersassen genannt. Deemno wär Suessem virun 1000 Joer e "Leibeigenen"duerf gewiescht.
[Änneren] Schlässer, Buergen a Ruinen an der Gemeng
- Suessemer Schlass
- Buerg Zolwer
- Bieleser Buerghaus
- Réimervilla Grueweléck
[Änneren] Koppen a Hiwwelen an der Gemeng
- Zolwerknapp, 422 Meter
- Bieleser Gaalgebierg, 407 Meter
- Loetschef
- Pakebierg
- Metzerbierg
[Änneren] Buergermeeschtere vun 1799 bis haut
- 1799 - 1807, Dominique Charpentier
- 1808 - 1812, Nicolas Hilbert
- 1813 - 1814, Pierre Krantz
- 1815 - 1818, Philippe Krier
- 1818 - 1827, Charles Baron de Tornaco
- 1827 - 1848, Egide van Dyke
- 1849 - 1861, Jean Pretemer
- 1861 - 1867, Pierre Kremer
- 1867 - 1870, Jean Pretemer
- 1870 - 1879, J.-P. Pretemer
- 1879 - 1882, J.-P. Schambourg
- 1882 - 1893, J.-P. Meyer
- 1894 - 1914, Nicolas Knepper
- 1915 - 1924, Jacques Batting
- 1925 - 1932, Edouard Thill
- 1932 - 1934, Pierre Greisch
- 1935 - 1937, Jean Donnersbach
- 1937 - 1940, Pierre Greisch
- 1940 - 1944, däitsch Occupatioun
- 1944 - 1966, Pierre Greisch
- 1966 - 1980, Roger Krier
- 1980 - 1997, Mathias Greisch
- 1997 - 2005, Fred Sunnen
- 2005 - 20??, Georges Engel
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Gemeng Suessem
- Offiziell Säit vun de Schoulen aus der Gemeng Suessem
- Syvicol
- TICE
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem