Bireng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Diddelenger Quartier Bireng. Fir d'Uertschaft bei Miersch, kuckt w.e.g. Biereng. |
Bireng (fr. Burange) ass haut e Quartier vun Diddeleng. Ier Diddeleng zur Stad ernannt ginn ass war Bireng en egestännegt Duerf an der Gemeng Diddeleng.
Bireng läit am Norde vun Diddeleng un der Grenz vu Beetebuerg an Helleng. Verschidden aner Quartiere vun Diddeleng hu fréier zu Bireng gehéiert sou wéi de Quartier Brill, Banzelt a Wolkeschdall.
Bireng ass dat eenzegt Duerf am Land (net als Uertschaft am Sënn vum Répertoire vum Ministär mee am ale Sënn vun Duerf) wat seng Kirmes op engem Donneschde feiert.
Wann een zu Bireng ass an et mengt een da wier een och zu Diddeleng dann huet ee sech fatzeg geschnidden; dat selwecht gëllt fir Butschebuerg dat anert aalt Duerf aus der Gemeng.