Nidderkäerjeng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Bascharage de:Niederkerschen |
|||
Gemeng | Käerjeng | |||
Buergermeeschter | Jean Christophe (CSV) | |||
Kanton | Kapellen | |||
Awunner | ||||
Fläch | ha | |||
Awunner (Gemeng) | 7285 13.06.2006 | |||
Fläch (Gemeng) | 1914 ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Nidderkäerjeng ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
[Änneren] Gemeng
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Bommert
- Nidderkäerjeng
- Uewerkäerjeng
- Lénger
[Änneren] Geographie
D'Gemeng Nidderkäerjeng läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Kapellen. Si mécht nërdlech d'Grenz mat Garnech a Kënzeg, ëstlech mat Dippech, südlech mat Déifferdeng a Suessem an westlech mat Péiteng an der Belsch.
[Änneren] Geschicht
Ee vun de bekannteste Nidderkäerjenger war sécherlech de Sculpteur Claus Cito deen zu Lëtzebuerg haaptsächlech wéinst der Gëlle Fra bekannt ass.
Och wa Nidderkäerjeng, Lénger an Uewerkäerjeng geologesch gesinn net méi zum Minett gehéieren (hei läit keen Äerz am Buedem), sou ass awer och d'Geschicht vun der Gemeng enk mat der Geschicht vun der lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad ewéi di aner Gemengen aus dem Süden huet och Nidderkäerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spire kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.
No dëser Kris huet Nidderkäerjeng sech op industriellem Plang weiderentwéckelt an eng Rei grouss Betriber ewéi d'General Motors, d'Luxguard oder nach d'TDK hunn sech hei néiergelooss.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Brasserie Nationale (Bofferding a Battin)
- Déi nei Kierch; an d'Plaz, wou déi al Kierch stoung
- Den ale Wäschbur zu Uewerkäerjeng
- D'Uewerkäerjenger Kierch
- De Boufferdanger Muer op der Gewan tëschent Uewerkäerjeng an Féngeg
- D'Réserve naturelle vun den Griechten zu Uewerkäerjeng beim Wäschbur