Autobunn A3 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A3 - Diddelenger Autobunn | ||
Zeechen | N° | Verdeeler |
' | ||
1 | Hesper/Houwald | |
Gaasperecher Kräiz | ||
Aire de Berchem | ||
2 | Léiweng/Beetebuerg | |
A13 Beetebuerger Kräiz | ||
3 | Diddeleng (nëmmen aus an a Richtung Lëtzebuerg Stad) | |
Uschloss un d'franséisch A31 |
D'lëtzebuergesch Autobunn A3 (Diddelenger Autobunn genannt) ass eng 13,318 km laang Autobunn, déi vum Houwald, an der Stad Lëtzebuerg, no Süde bis bei d'franséisch Grenz geet, wou se um Territoire vun der Gemeng Zoufftgen un d'franséisch A31 ugeschloss ass. Si ass eng wichteg Verbindung tëscht dem Autobunnsnetz vum Benelux an deem vu Westdäitschland op der enger Säit, deem aus Frankräich op der anerer.
Et ginn 3 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 2 Autobunnnskräizer an eng Plaz fir ze raschten.
Um Gaasperecher Kräiz kräizt d'A3 sech mat der A1/A6. Dono kënnt geschwënn d'Aire de Berchem, déi gréisste Bensinnsstatioun vun Europa.
E bësse méi südlech da kräizt d'A3 um Beetebuerger Kräiz d'A13, déi no Osten hin Saarautobunn genannt gëtt, no Westen hin Collectrice du Sud.
D'Autobunn gouf tëscht 1978 an 1981 a Betrib geholl.
Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||