Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fraiwëllege geschriwwe gëtt an op dem Wikikonzept baséiert. Den 20. September 2004 goufen et méi wéi 1.000.000 Säiten a bal 200 verschiddene Sproochen. E wéineg méi wéi ee Joer drop, ufanks November 2005, waren et scho méi wéi 3,7 Milliounen Artikelen a méi wéi 200 Sproochen. Déi lëtzebuergesch Versioun fannt der ënnert http://lb.wikipedia.org.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Bedeitung vum Numm

Wikipedia besteet aus :

  • Wiki, wat vu wiki wiki kennt a séier op hawaianesch heescht,
  • pedia, aus dem griichesche paideia, wat souvill bedeit wéi Educatioun.

[Änneren] Urspronk vum Projet

Genee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertruden hunn (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource").

[Änneren] Haaptcharakteristiken

De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:

  • De Projet ass ausserdeem e Wiki. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jidderengem. Wikipedia ass déi éischt generell Enzyklopedie, déi ënnert dësem Format gegrënnt gouf.
  • Wikipedia ass fräi, ënnert der Lizenz GNU-FDL. D'fräi Texter ginn dem "grand public" vum Propriétaire vun der Lizenz offréiert, an erlabe jidderengem den Text emzeänneren a weiderzeverbreeden. All User kann de Contenu vu Wikipedia, souguer zu kommerziellen Zwecker, notzen, wann ee Wikipedia als seng Quell ugëtt an d'GNU Lizenz respektéiert.

D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Regelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft.

[Änneren] Geschichtleches

De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger am Januar 2001 gegrënnt. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.

Aner Projeten am Zesummenhang mat Wikipedia :

Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (http://wikimediafoundation.org) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.

Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0.

[Änneren] Mataarbechter

U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Unzuel vu User, Wikipedianer genannt.

Et gëtt eigentlech kee richtege "Chef" vu Wikipedia. Während 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionnéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z.B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.

[Änneren] Technesch Aspekter

Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikien sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit déi e grad liest modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.

Op Wikipedia kann all Mensch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.

Wikipedia funktionnéiert mam fräie Logiciel MediaWiki.

[Änneren] Déi verschidde Wikipediaen

Am Abrëll 2005 gëtt et Wikipedia an 199 Sproochen. 93 dovunner hu méi wéi 100 Artikelen an 23 hunn der méi wéi 10.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (693.356), déi däitsch (277.718), déi japanesch (135.848) an déi franséisch (150.996)(Stand 21.08.2005). Kuckt heizou och déi komplett Lëscht vu Wikipediaen.

[Änneren] D'Datebank eroflueden

All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org

Commons: Wikipedia – Biller, Videoen oder Audiodateien
Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com