Shenzhou 5
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Shenzhou 5 ass eng Raumkapsel aus dem chinesesche Shenzou-Raumfuerprogramm. Et ass déi éischt chinesesch Kapsel wou ee Mensch (och ee Chinees), dermat geflunn ass.
De Weltraumfluch deen oni Problemer afgelaaf ass war de 15. Oktober 2003. De Colonel Yang Liwei war eleng u Bord.
[Änneren] Aflaf vun de Missioun
Shenzhou 5 as de 15. Oktober 2003 um 17h00 UTC-Zäit vun dem Weltraumfluchhafen Jiuquan mat enger Rakéit vum Typ Longue Marche 2F, an der Gobi-Wüst an d'Lucht geschoss ginn.
Si ass um 17h10 bei enger Héicht vun 343 km op Orbite gesaat ginn an ass duerno während 21 Stonne 14 Mol ronderëm d'Äerd geflunn, fir de 16. Oktober um 22h04 an der Mongolei, 4.800 Meter ewech vun der Plaz déi firgesi war ze landen.
Den zweeten Deel vum Modul ass nach bis de 16. Mäerz 2004 operatinell ronderëm d'Äerd geflunn fir nach automatiséiert Experienzen ze machen. Den 30. Mee ass en aus senger Ëmlafbunn geheit ginn an en ass beim Antrëtt an d'Atmosphär vergléit an d'Reschter sin an de Pazifeschen Ozean getrollt.