Moresnet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Moresnet oder Neutral-Moresnet (fr.:Moresnet neutre), war, tëscht 1816 an 1919, e just 3,44 km² groussen europäeschen Territoire, deen ongeféier 7 km südwestlech vun Oochen louch, südlech vum häitegen däitsch-belsch-hollänneschen Dräilännereck um Vaalserberg. En ass entstanë, wéi Preisen an Holland sech net eenegë konnten, ween e sollt kréien, an s'esou zesummen d'Kontroll driwwer geholl hunn.
[Änneren] Geschicht
Um Wiener Kongress vun 1815 hunn dat nei geschafent Vereenegt Kinnekräich vun de Nidderlanden a Preise sech iwwert déi nei Grenz tëschent hiren Territoirë bal iwwerall konnten eens ginn, just net zu Moresnet. De Grond war eng Zénkgrouf, déi tëscht Moresnet am Westen an Neu-Moresnet am Oste louch. 1816 gouf e Kompromëss fonnt: Moresnet goung un Holland, Neu-Moresnet u Preisen, an d'Grouf, mam Duerf Kelmis (fr: La Calamine) gouf en neutralen Territoire dee vun deenen zwéi Länner zesumme verwalt gouf. Am Ufank geschouch dat duerch zwéi Kinneklech Commissairë (ee pro Land), mee mat der Zäit krut den Territoire e gewëssen Niveau vu Selbstbestëmmung; et gouf e Buergermeeschter (dee vun deenen zwéi Commissairen ernannt gouf) an 10 Conseilleren.
Wéi d'Belsch sech 1830 vun Holland ofgespléckt huet, gouf d'Duerf Moresnet belsch an d'Belsch hunn d'Co-Administratioun iwwerholl (ouni dass dëst vun Holland formell unerkannt gi wier).
D'Zénkgrouf war den Haapt-Employeur a Moresnet, wou déi ganz Zäit iwwer net méi wéi 3.000 Leit gelieft hunn. Si hu vun niddrege Steieren profitéiert a konnte sech eraussichen, ënner wat fir enger Juridictioun se wollte geriicht ginn, oder a wat fir enger Arméi se hire Militärdéngscht leeschtë wollten.
1885 war den Zénk an der Grouf souwäit ofgebaut, an et gouf Projeten, op aner Aart a Weis Suen eran ze kréien. Et gouf Pläng vun engem Casino oder vun eegenen Timberen; den Dokter Wilhelm Molly huet proposéiert, aus Moresnet deen éischte Staat ze maachen, deen Esperanto als offiziell Sprooch hätt, an deen hätt sollen Amikejo (Plaz vun der Frëndschaft) heeschen. All dës Pläng sinn awer näischt ginn.
Vun 1900 un huet Preisen ugefaangen, mat administrative Schikanen a Sabotagen Drock op d'Belsch ze maachen, dass se Moresnet sollt hirginn. Am Éischte Weltkrich, 1915, gouf Moresnet un Däitschland annexéiert, mee schon 1919, mam Traité vu Versailles gouf Moresnet, mam Duerf Neu-Moresnet, un d'Belsch ugeschloss. 1940, am Zweete Weltkrich, gouf et nees vum Hitler-Däitschland annexéiert, mee 1945 un d'Belsch z'réckginn.
Haut gehéiert den Territoire zur Gemeng Kelmis.