Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wiener Kongress - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wiener Kongress

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Wiener Kongress (18. September 1814 bis 9. Juni 1815) war eng Konferenz vun alle politische Muechte vun Europa, déi sech no der Néierlag vum napoleonesche Frankräich zesummefonnt hunn, fir d'politesch Landkaart vum Kontinent nei ze zeechnen. De Kongress gouf vum Fürst vu Metternich geleet.

D'Verhandlunge sinn och virugaangen, wéi den Exkeeser Napoleon I. aus sengem Exil op Elba a Frankräich hannescht goung, fir do am Mäerz 1815 seng Muecht erëm hirzestellen. De Schlussakt vum Kongress gouf néng Deeg virum Napoleon senger endgülteger Néierlag bei Waterloo ënnerschriwwen.

De Wiener Kongress
Vergréisseren
De Wiener Kongress

Ënnert de Participanten vum Kongress waren de Fürst vu Metternich fir Éisträich, de preisesche Fürst vun Hardenberg an den Zar Alexander I. vu Russland, déi sech zu der sougenannten Helleger Allianz zesummegedon haten, an och de Viscount Castlereagh fir England an de Talleyrand fir Frankräich.

[Änneren] Haaptkonsequenze vum Kongress

  • Frankräich gëtt seng tëschent 1795-1810 annektéiert Territoiren hannescht, bleift awer eng Groussmuecht an de Grenzen vu 1792.
  • Russland vergréissert säin Territoire op Käschte vu Polen. Galizien geet un Éisträich, mat Ausnam vun der Republik Krakau.
  • Preisen verzicht op Polen, kritt dofir awer d'Géigend ronderëm Posnan a vergréissert sech no Westen, wou et Westfalen an dat nërdlecht Rheinland bäikritt.
  • D'Zuel vun den Eenzelstaaten an Däitschland gëtt verklengert. Den Däitsche Bond vu souveräne Staaten entsteet.
  • Éisträich kritt déi virmoleg Republik Venedeg, déi Frankräich 1797 eruewert hat.
  • Déi fréier éisträichesch südlech Nidderlanden (plus ou moins déi heiteg Belsch a Lëtzebuerg) gi mat den Nordnidderlanden zesummegeschloss a bilden domatter dat vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden. Fir kënnen eng preisesch Garnisoun an der Festung Lëtzebuerg ze stationnéieren, gëtt dat virmolegt Herzogtum Lëtzebuerg formell als Staat geschafen, zum Groussherzogtum ernannt, mam hollännesche Kinnek als Groussherzog. Déi Territoiren ëstlech vun Our, Sauer a Musel ginn u Preisen.
  • Déi däitsch Staate Bayern an Hannover gi vergréissert, d'Sachsen als Strof dofir, datt et sech mat Frankräich alliéiert hat, gëtt verklengert.
  • Dänemark muss Norwegen u Schweden ofginn.
  • D'Schwäiz verléiert Veltlin un Éisträich a Konstanz un Däitschland, kritt dofir awer vu Frankräich en Deel vun der Savoye a vun Éisträich d'Grofschaft Rhäzüns a Graubünden. Bannent der Schwäiz koum et zu Streidereie wéinst de Grenze vun de Kantonen.

An deene meeschten anere Punkten huet de Kongress versicht, zu de Grenze vun 1792 zeréckzekommen an déi konservativ Monarchien an Europa nees anzesetzen – och a Frankräich wou d'Bourbonendynastie nees un d'Muecht kënnt, mam Louis XVIII. als Kinnek.

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com