Offiziell Sprooch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng offiziell Sprooch (op Däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Staat (oder engem Deel dervunner) duerch d'Constitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an deer d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an deer de Staat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren.
Et gi Länner mat just enger offizieller Sprooch, mee vill hunn deer méi wéi eng, Südafrika z.B. huet der zwielef. Dacks hu Sproochen, déi vu Minoritéite geschwat ginn, net de Status vun enger offizieller Sprooch: A Frankräich z.B. heescht et am Artikel 2 vun der Constitutioun: "La langue de la République est le français", och wann et eng sëlleche Regionalsproochen do gëtt. An anere Länner wéi z.B. a Spuenien gëtt et eng eenzeg offiziell Sprooch, wat d'Land betrëfft, mee verschidde Regiounen hu "ko-offiziell Sproochen", déi dat nëmmen do sinn, wéi z.B. Katalanesch a Katalounien. Da gëtt et nach Fäll wéi d'Belsch, déi zwar (als Land) 3 offiziell Sproochen huet; a Flandern awer ass d'Flämesch déi eenzeg offiziell Sprooch, a Wallounien d'Franséisch, mat Ausnahm vun der Däitschsproocheger Communautéit, wou et dat Däitscht an dat Franséischt sinn. An der Haaptstadregioun Bréissel si Franséisch a Flämesch offiziell Sproochen...
Eng an déi selwecht Sprooch kann offiziell Sprooch a méi wéi engem Land sinn, se kann et awer och an engem Land sinn, an engem aneren net (wéi z.B. d'Baskescht a Frankräich).
D'Europäesch Unioun huet 20 offiziell Sproochen.
Zu Lëtzebuerg gëtt et strikt gekuckt keng offiziell Sprooch: d’Lëtzebuerger Constitutioun verweist op e Gesetz, mee de Legislateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch.