Karthago
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Karthago war an der Antikitéit eng grouss Stad an Nordafrika; hautesdaags steet do d'Stad Tunis.
Iwwert Karthago gëtt schonn an der Geschicht vum Äneas, dee vun Troja an Italien wollt fueren an do Rascht gemaach huet, erzielt. Der Legend no huet zu dem Zäitpunkt, wou den Äneas do war, d'Kinnigin Elissa (op Däitsch: "Dido", op Franséisch "Didon") zu Karthago geherrscht. Déi huet sech d'Liewe geholl, well se onstierflech verléift an den Äneas war, allerdings ass dee virugezunn an Italien, anstatt do ze bleiwen.
D'Awunner vu Karthago, déi Karthager, Punier oder Phönizier genannt ginn, waren déi, déi géint d'Réimer an den dräi Punesche Kricher gekämpft hunn. Karthago gouf zum Schluss vum drëtte Punesche Krich am Joer 146 viru Christus zerstéiert. Domat war eng Kultur vu villen honnert Joer komplett fort. Dobäi koumen extrem vill Leit ëm d'Liewen, an déi, déi iwwerlieft hunn, si versklaavt ginn.