Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Troja - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Troja

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Historesch Kaart vun Troja aus Meyers Konversationslexikon vun 1888
Vergréisseren
Historesch Kaart vun Troja aus Meyers Konversationslexikon vun 1888

Troja (gr. Τροία), och Ilion (Ἴλιος) genannt, ass eng legendär Stad a Klengasien, net wäit ewech vun der Ägäis an dem Hellespont.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Legendäert Troja

[Änneren] Grënnung

Der Legend no gouf Troja vum Ilos, Jong vum Tros gegrënnt, deen dann och den éischte Kinnek wor. Nofolger gëtt säi Jong Laomedon. De Poseidon, dee vum Zeus bestroft gi war, baut d'berühmte Mauere vun der Stad. Duerch eng Offense vum Kinnek onzefridden, schéckt hien e Séimonster vrun d'Stad. Den Herakles kann d'Monster zwar ëmbrengen, mee wéi d'Trojaner hien net bezuele wëllen, bréngt hien de Laomedon a seng Famill ëm, mat Ausnahm vum Priamos, ee vu senge Jongen, an der Hesione, senger Duechter.

[Änneren] Den Trojanesche Krich

Em dëse legendäre Krich tëscht Griichen an Trojaner dréint sech dem Homer säi Wierk d'Ilias, souwéi dem Virgil séng Aeneis, wou den Aeneas, Held vun Troja, an Italie flücht, wat spéider zur Grënnung vu Roum féiere wäert.

Als Urspronk vum Krich gëtt d'Entféierung vun der schéiner Helena duerch de Paris, en trojanesche Prënz, ugesinn. D'Helena wor d'Fra vum spartanesche Kinnek Menelaos. Fir d'Trojaner ze bestrofen, di sech d'griichesch Kinneken zesummen, a belageren d'Stad. No zéng Joer Belagerung gelénkt et de Griichen duerch den Odysseus an den Trick vum trojanesche Päerd an d'Stad eranzekommen an de Krich schlussendlech ze gewannen.

[Änneren] Historescht Troja

Laang Zäit nëmmen als Legend ugesinn, huet den däitschen Archäolog Heinrich Schliemann am Joer 1870 vum Géigendeel konnten iwwerzeegen, wéi hie Ruinen an der Géigend vum tierkeschen Hissarlik fonnt huet (am Nordweste vun Anatolien). Haut wësse mer, datt op där Plaz net nëmmen eng, mee néng Stied stoungen, vun deenen déi eelsten am 3. Joerdausend v. Chr. eriicht gi wor.

Vue op de Site vun Troja
Vergréisseren
Vue op de Site vun Troja

An den 20er Joeren huet de schwäizer Geléierten Emil Forrester gemengt, Nimm aus hethitesche Schrëften - Wilusiya an Taruisa - mat Ilium an Troia kënnen z'identifizéieren. Ausserdem huet hien an engem vun den Texter den Numm vun engem wilusesche Kinnek fonnt - Alaksandu - wat net allzewäit vum trojanesche Prënz Alexander oder Paris ewechläit. Dës Iddie goufe laang dementéiert, entweder well si ze onwaarscheinlech sinn, oder well einfach d'Beweiser feele fir dës Theorien z'ënnerstëtzen. Den Historiker Trevor Bryce huet dës Iddi a séngem Buch The Kingdom of the Hittites (D'Kinnekräich vun den Hethiter) vun 1998 erëm opgegraff, andeems hien de sougenannte Manapa-Tarhunda-Bréif zitéiert, wou vun engem Kinnekräich Wilusa riets geet, dat iwwert dem Seha (a klassescher Zäit als Floss Caicus bekannt) an net wäit vu Lazpa (Insel Lesbos) leie ging.

[Änneren] Ausgruewungen

Nom Heinrich Schliemann senger Ausgruewung hu sech nach aner Archäologen op de Wee an Anatolie gemaach. Zu hinnen zielt de Carl W. Blegen, deen erausfonnt huet, datt et sech am ganzen ëm néng Stied handelt. Zur Bronzezäit war d'Stad wuel e gutt Handelszentrum, d'geographesch Lag erlaabt eng komplett Kontroll iwwert d'Dardanellen wou all Schëff wat vun der Ägäis an d'Schwaarzt Mier well, duerchmuss. Déi läschte Stad um Site wor d'réimescht Ilium oder Ilion, gegrënnt zu der Zäit vum Augustus. Ilium wor eng wichteg Handelsstad bis zur Grënnung vu Konstantinopel. Während dem byzantinesche Räich gouf d'Stad ëmmer méi onwichteg bis si enges Dags verschwonne war.

1998 goufen d'Ausgruewunge vun enger Equipe vun der Eberhard-Karls-Universitéit vun Tübingen weidergefouert, zesumme mat der Universitéit vu Cincinnati an ënnert der Leedung vum Professor Manfred Korfmann.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Trojanesche Krich

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com