Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Johann Gottfried Galle - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Johann Gottfried Galle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Johann Gottfried Galle
Vergréisseren
Johann Gottfried Galle

De Johann Gottfried Galle gebuer de 9. Juni 1812 zu Radis bei Gräfenhainichen ass gestuerwen de 10. Juli 1910 zu Potsdam. Hie war en däitschen Astronom.

[Änneren] Säi Liewen

De Galle huet d’Schoul vu Wittenberg besicht an huet vun 1830 bis 1833 op der Universitéit Berlin studéiert. Duerno huet hien eng Plaz am Gymnasium vu Guben ugeholl. Hei war hien en héije Schoulmeeschter fir Mathematik a Physik. Spéider huet hien an d'„Friedrichs-Werdersche Gymnasium“ op Berlin gewiesselt.

Am Joer 1835 rifft hie säi fréiere Schoulmeeschter, den Astronomieprofesser Johann Franz Encke, als Hëllefskraaft an den nei gebauten Observatoire vu Berlin tëschent der Lindenstrooss an der Friedrichstrooss. Déi nächst 16 Joer schafft de Galle zu Berlin. Seng Beobachtunge mecht hie mat engem Refraktor vun 9 Zoll (22,5 cm) Duerchmiesser. Am Joer 1838 entdeckt hien e bannenzechten donklen Reng vum Saturn. Vu 1839 bis 1840 entdeckt hien dräi nei Koméiten.

Den 23. September 1846 kritt hie mueres e Bréif vum Fransous Urbain Le Verrier, deen d´Bunnstéierungen vum Planéit Uranus ënnersicht hat. De Le Verrier huet de Galle gefrot, ob hien emol den entspriechenden Himmelsofschnëtt no deem nach onentdeckten awer berechentem Planéit géing ofsichen. An der selwechter Nuecht entdeckt dann de Galle mat sengem Assistent Heinrich Louis d'Arrest en Himmelskierper mat der Hellegkeet 8. (Gréisst). An der nächster Nuecht konnt eng Eegenbewegung vum Himmelskierper vu 4 Bousekonnë gemiess ginn, woumat d’Planéiteneegenschaft einwandfräi bewise war. De Galle huet d’Entdeckung vum Neptun awer dem Le Verrier zougesprach.

Am Joer 1851 ass de Galle op Breslau gaangen, wou hien am Ufank d’Leedung vum Observatoire hat a vun 1856 un eng Professur fir Astronomie op der Universitéit Breslau ugeholl huet. Hei war hien iwwer 45 Joer beschäftegt. An dëse Joren huet hie villes gemaach: Bunnbestëmmunge vu Planéiten, Héichtbestëmmung vu Polarliichter a Bunnberechnunge vu Meteoriten. Hien huet Daten vun alle bis 1894 entdeckte Koméiten an engem Wierk zesummengedroen. Doriwwer eraus huet de Galle sech mat dem Magnetismus vun der Äerd (Planéit) an der Klimatologie befaasst. Am ganzen huet hien iwwer 200 Wierker verëffentlecht.

De Galle huet Breslau am Joer 1897 verlooss an ass op Potsdam gezunn, wou hien 1910 am Alter vu 98 Joer gestuerwen ass.

Fir säi Wierk krut hie vill Auszeechnungen an Éierungen. Fir d’Entdeckung vum Neptun huet hien d’franséischt Éierelegiounkräiz kritt. Hie war Member vum der Kinneklechen Bayreschen Akademie der Wissenschaften a vun der britescher Royal Astronomical Society. D’Stad Gräfenhainichen huet him zu Éieren 1977 een Denkmol opgeriicht.

Zou sengem Gedenke gouf je en Impaktkrater op dem Mound an dem Mars sowéi e Rank vum Neptun no dem Galle benannt.

[Änneren] Literatur

  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82 - 88 (2005), ISSN 170-2971
  • „Berühmte Persönlichkeiten und ihre Verbindung zu Wittenberg“ von Heinrich Kühne und Heinz Motel im Verlag Göttinger Tageblatt 1990 ISBN 3-924781-17-6

[Änneren] am Spaweck

http://www.msss.com/education/happy_face/happy_face.html | Aufnahme des Marskraters Galle ("Happy Face Crater")

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com