Uranus (Planéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Planéit Uranus ass vun der Sonn aus gesinn de siwente Planéit am Sonnesystem a gëtt zu de jupiterähnleche (Gasplanéite) gerechent. Hie gouf 1781 entdeckt an no dem griicheschen Himmelsgott Uranos benannt.
Dat traditionellt Zeeche fir de Planéit ass deem vum Mars ähnlech. Als Ënnerscheed huet et am Krees en Zentralpunkt, an de Feil op dem Krees steet senkrecht: ♅. De Buschtaf H steet fir den Uranusentdecker Wilhelm Herschel.
De Gasplanéit ass ënner gënschtegen Ëmstänn ze gesinn a physikalesch mat dem Neptun vergläichbar. Hien hëllt u Mass (14 × d'Äerd) déi 4. Rang am Sonnesystem an. Säin Duerchmiesser läit knapp virum Neptun op der drëtter Plaz (nom Jupiter a Saturn).
[Änneren] Geschicht vun der Entdeckung
De Sir Friedrich Wilhelm Herschel huet de Planéit Uranus den 13. Mäerz 1781 mat engem selwer entwéckelten Teleskop vu sengem Gaart an der engleschen Stad Bath aus entdeckt. Den Uranus huet sech genau an déi vum däitschen Astronom Johann Elert Bode verëffentlecht Titius-Bode-Reih eragefügt.D' Harmonie des Himmels vum Kepler huet sech androcksstaark bestätegt.
De Bode huet deemools virgeschloen, dem neie Planéit nom griichesche Gott Uranos ze benennen. De Numm huet sech eréischt ëm 1850 duerchgesat a gouf, entspriechend de réimeschen Nimm vun deenen anere Planéiten, der laténgescher Schreifweis ugepasst. Obwuel den Uranus schonns fréier observéiert a katalogiséiert gi war, gouf hien awer net als Planéit erkannt.
D’Rengsystem vum Uranus gouf den 10. Mäerz 1977 vum James L. Elliot a sengem Team mat dem Kuiper Airborne Observatoire entdeckt.
Den 24. Januar 1986 huet d’Raumsond Voyager 2 den Uranus passéiert an huet déi meeschten haut bekannten Erkenntnesser iwwermëttelt.
[Änneren] Dem Uranus séng Mounden
- De Planéit Uranus huet 27 Mounden. Den Duerchmiesser läit tëschent 10 an 1600 km.
Uranusmoundentdeckungen
Déi zwee éischt gouffen vum Wilhelm Herschel 1787 entdeckt a vu sengem Jong John Herschel no Figuren aus Shakespeares Sommernachtstraum Titania an Oberon benannt. Zwee weider Mounden, déi de William Lassell 1851 entdeckt huet, gouffen Ariel an Umbriel gedeeft, de Gerard Kuiper huet 1948 de Mound Miranda entdeckt. All weider Mounden vum Uranus gouffen och no Figuren vum Shakespeare oder Alexander Pope benannt. Duerch de Lanschtflug vun der Raumsond Voyager 2 am Januar 1986 goufen 10 weider Mounden entdeckt. Zënterhier sinn weider Mounden duerch Teleskope entdeckt ginn.
Déi läscht Entdeckungen datéieren d’ Joer 2005, wou mat dem Hubble Space Telescope niewen zwee weidere Réng och nach zwee weider Mounden entdeckt goufen. E vun dëse Mounden, mat dem Numm Mab, zerbréckelt wahrscheinlech lues ënnert dem stännege Bombardement vu Mikrometeoriten a produzéiert doduerch e vun deenen zwee nei entdeckte Réng. Bei deser Geleeënheet ass ausserdeem entdeckt ginn, datt virun allem d’Bunnen vun deene banneszechten Mounden onstabil sinn, mä datt des Mounden op chaotesch Aart a Weis Energie an Dréimoment austauschen.
Lëscht vun den Uranusmounden.
An dëser Lëscht sinn all déi bis elo bekannte Mounden vum Planéit Uranus. Si sinn an der Reiefolleg vun den zouhuelende Bunnradien opgestallt. Aktuell Neientdeckungen droe virleefeg en Zuelecode, bis si vun der Internationaler Astronomescher Unioun och e Numm zougesprach kréien.
Eng negativ Ëmlaafzäit bedeit, datt de Mound den Uranus réckleefeg ëmkreest. Normalerweis beweege sech d’Mounden am gläichen Dréisënn em d’Planéiten, wéi de Planéit em seng eegen Achs. [Änneren] Den Uranus ass 2006-2008 ze gesinnDe Planéit Uranus ass net mam bloussen A ze gesinn, awer mam Teleskop. Fir déi genau Positioun vum Planéit ze fannen, kann een all Joer an dem astronomesche Joereskalenner noliesen. – An der Tabell ënne si speziell Sichtbarkeeten fir d’Joeren 2006 bis 2008 opgefouert. Niewent dem Datum vun der Oppositioun ass fir dësen Aspekt och déi jeeweileg Scheinbar Hellegkeet, den Ofstand zu der Äerd an d’ Wénkelduerchmiesser vum Uranus uginn.
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Kometen - Kuiperceinture - Oort Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten |