Astronom
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Astronom ass an der Regel eng akademesch ausgebilte Persoun, déi sech wëssenschaftlech mat der Astronomie beschäftegt.
[Änneren] Haaptaktivitéit vun den Astronomen
Wann een de Begrëff Astronom op déi Wëssenschaftler beschränkt, déi sech haaptberufflech der Astronomie widmen, da si meeschtens zwou vun de folgenden Tätegkeete Géigestand vum Beruff:
- wëssenschaftlech Fuerschung op dem Gebitt Astronomie, besonnesch an der Astrophysik, Astrometrie, Kosmologie oder am Beräich vun de Planéitesystemer bzw. der Raumfaart, souwuel am visuelle wéi am theoretesche Beräich.
- Léiertätegkeet op enger Universitéit als Héichschoulprofesser oder -assistent.
- Entwécklung vu Moossinstrumenter oder Computerprogrammer.
- Leedung an / oder Verwaltung vun Institutionen fir Fuerschung an Entwécklung, bzw. vu grousse Projeten - wéi bei der ESA oder NASA.
De Beruff vum Fachastronom setzt normalerweis en Héichschoulstudium an der Astronomie oder an ähnlechen Naturwëssenschafte viraus, wéi en Diplom an der Physik oder Astronomie (nëmmen an Ëisträich), munnechmol och an der Mathematik, Geodäsie, Aeronautik an aneren. D’Verfaasse vun enger Dissertatioun schléisst sech an de meeschte Fäll un, déi ofgeschlossen Promotioun gëllt oft als Astellungsviraussetzung.
[Änneren] Verännert Beruffsbild
D’Beruffsbild vun den Astronomen huet sech an de leschte Jorzéngte staark verännert. An der Vergaangenheet observéierten d’Astronomen iwwerwiegend den Himmel mëttels optescher Teleskopen am Observatoire. Haut schaffen déi meescht a ganz spezialiséierte Froestellungen a wäerten elektromagnéitesch Signale an alle Wellenlängenberäichen aus - vun der kuerzwelliger Gammastrahlung bis zu de längsten Radiowellen.
Dofir sëtzen d’Astronomen haut net méi "hanert dem Teleskop", mä nëmmen e kuerze Deel vun hirer Zäit an de Kontrollräim vun de Teleskope. Déi do notéiert Daten ginn an der reschtlecher Zäit doheem um Schreifdesch ausgewäert an opbereet.
[Änneren] Fach- an Amateurastronomen
Well d’Astronomie wéi ëmmer nach eng Wëssenschaft ass, déi och am professionellen Beräich vun Eenzelnen a klengen Fuerschungsgruppen geprägt ass, hunn och Amateure mat entspriechender Begabung an Ausrëschtung d’Méiglechkeet fir Matzewierken. Amateure sinn oft do erfollegräich, wou eng stänneg Observatioun noutwenneg ass, awer wéinst den héige Käschten duerch d’Groussteleskope kaum professionell ze maachen ass, wéi z.B. d’Asteroiden- a Koméiteniwwerwaachung oder op dem Gebitt verännerlecher Stäre an der Astrometrie.