Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jesse Owens - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jesse Owens

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Jesse Owens 1936
Vergréisseren
Den Jesse Owens 1936

Den James Cleveland "Jesse" Owens, gebuer den 12. September 1913 zu Danville am Alabama, a gestuerwen den 31. Mäerz 1980 zu Tucson am Arizona) war en US-amerikaneschen Liichtathlet.

Hie war de Jong vum Henry an der Emma Owens, Piechter vun engem klenge Bauerenhaff, an d'Kandskand vu Sklaven. Bis zum Alter vun 9 Joer huet hie Kotteng gepléckt bis dass seng Famill op Cleveland am Ohio geplënnert ass. Do koum hien an der Schoul u säin "neie" Virnumm, nodeems de Schoulmeeschter gefrot hat, wéi hie géing heeschen. Seng Äntwert "J.C." gouf als "Jesse" verstanen.

Wéi hie mat 13 Joer op der East Technical High School Course gelaf ass, war e scho landbekannt. Duerno ass hien op d' Ohio State University gaangen, an en huet seng Studie mat enger 100$ am Mount Aarbecht als Liftbouf finanzéiert, well als Schwaarzen krut e keng Sportsubsiden.

Hie war awer och en excellenten Wäitsprenger. Mat engem Sprong vun 8,13 Meter am Joer 1935 war hien den éischten Athlet deen d'Grenz vun den 8 Meter iwwerschratt huet. Hien hat domat de fréiere Rekord vum Japaner Chuhei Nambu (7,98 Meter) gebrach. Et huet duerno 25 Joer gedauert bis dëse Rekord am Joer 1960 vu sengem Landsmann Ralph Boston (8,21 Meter) verbessert ginn ass.

Dem Jesse Owens seng grouss Stonn koum bei den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin. Dat Joer hat Italien Äthiopien iwwerfall a besat, a Spuenien hat de Biergerkrich ugefaangen, Japan ass iwwer d' Manschurei hiergefall an Truppe vun Nazi-Däitschland sinn am Rheinland amarschéiert, an zu Berlin wollt Däitschland der Welt hir Olympesch Spiller weisen. Den US-amerikaneschen Olympesche Comité ënner der Leedung vum Avery Brundage huet ofgestëmmt an decidéiert, d'Spiller net ze boykottéieren.

D'USA hate 66 Leefer ugemellt, dovunner 10 Schwaarzer. Dee Beschten dovun war den Owens. Hie war deen éischte Liichtathlet, dee bei Olympesche Summerspiller véier Goldmedaille gewon huet. Denn zweete war 1984 de Carl Lewis bei den Olympesche Summerspiller 1984 zu Los Angeles. De Owens huet den 100 Meter-Laf an 10,3 Sekonnen, den 200 Meter-Laf an 20,7 Sekonnen an de de Wäitsprong mat 8,06 Meter gewonnen. Déi véiert Goldmedaille krut hien als Member vun der erfolegräicher US-amerikanescher Ekipp am 4 mol 100 Meter-Staffellaf. An der Obstellung Jesse Owens, Ralph Metcalfe, Foy Draper a Frank Wykoff sinn déi véier Leefer, an der Zäit vun 39,8 Sekonnen, en neien Weltrekord gelaf.

Et gëtt gezielt, den Hitler hätt dem Owens, well et e Schwaarze war, net wéilte felicitéieren. Den Owens huet a senge Memoiren dat anescht an Erënnerung:
''When I passed the Chancellor he arose, waved his hand at me, and I waved back at him. I think the writers showed bad taste in criticizing the man of the hour in Germany. - Jesse Owens, The Jesse Owens Story, 1970.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com