Edouard Luja
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edouard Luja (* 11. Februar 1875, † 14. September 1953 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesender.
Den Edouard Luja huet a Frankräich, der Belsch an an England Gaardebau studéiert, an huet 1898 ugefaang, laang Fuerschungsreesen ze maachen. Fir d'éischt an de Congo (1898), duerno an de Moçambique (1900-1902), dann nees fënnef Mol an de Congo (1903-1914, 1928-1930), dertëscht och eng Kéier a Brasilien (1924).
Ofgesi vun der Zäit vum Éischte Weltkrich war e praktesch bis 1931 bal ëmmer ënnerwee. Bei senge Fuerschungsreesen huet hien ongeféier 80 nei Planzen entdeckt, a ronn 130 bis dohin onbekannten Déieren. Et sinn Termiten drënner, Fësch, Päiperlécken a Seechomessen. Vill vun deenen Planzen an Déieren krute säin Numm, z.B. d' Acacia Lujaei, d' Eulophia Lujaeana...
Dem Edouard Luja säin Numm wäert fir ëmmer mat der Geschicht vum Kaffi verbonne bleiwen. Hien huet e wichtege Bäitrag derzou geleescht, d'Kaffisplantagen an Indonesien ze retten, andeems en erausfond huet, wat fir ee Parasit se befall hat (den parasitischen Champignon Hemileia vastatrix), an dunn, datt et eng Kaffiszort am Congo gëtt, déi do dergéint resistent ass. Dës Zort gouf dann iwwerall a Malaysien ugeplanzt. Et handelt sech em de Kaffi Robusta (Coffea canephora Pierre ex A. Froehner) deen haut 25% vun der Weltproduktioun ausmécht.
1921 huet hie fir d'Belgo-Mineira, eng Duechterfirma vun der Arbed, a Brasilien ënnersicht, wat fir Planzen, déi séier wuessen, am beschten unzeplanze wiren. Hie koum zu der Conclusioun, datt dat den Eukalyptus wier, an nach haut ass d'Belgo Mineira eng vun de wichtegsten Ubauer vun deene Beem.
Zu Lëtzebuerg war hie Member vun der Botanescher Gesellschaft a vum Institut Grand-Ducal, an Éierepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois (Fauna). Hien huet dem Staatsmusée eng Onmass vun Objetën geschenkt, dorënner och déi, déi en als Éischten entdeckt huet. Sie sin haut e wichtege Bestanddeel vun de Collectiounen vum Naturmusée.
Seng lescht Joren war den Edouard Luja zu Lëtzebuerg, wou en och gestuerwen ass.
[Änneren] Bibliographie
- Luja, E., 1946. - Les Atta, Acromyrmex discigera, Mayr., fourmis coupeuses de feuilles du Brésil. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 51(JubII): 3-11. pdf 863 kB
- Luja, E., 1947. - Les serpents venimeux du Brésil. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 52: 8-13. pdf 327 kB
- Luja, E., 1951. - Récit d'un voyage au Mozambique (1900-1902) (avec 2 cartes). - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55: 193-210. pdf 880 kB
- Luja, H., 1951. - Monographie du parc de la ville de Luxembourg (avec 6 plans). - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55: 107-120. pdf 863 kB
- Luja, E., 1953. - Voyages et séjour au Brésil, État de Minas Geraes (1921-1924). - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 57: 34-63. pdf 1683 kB
- Heuertz, M., 1955. - Edouard Luja. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 59: 8-11. (Nécrologie) pdf 264 kB
- Massard, Jos. A., 1990. - Edouard Luja (1875 - 1953). In: Livre du Centenaire 1890-1990. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 136-137. (kuerz Biographie)