Biologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Biologie as d'Wëssenschaft vum Liewen. Sie beschreift an ënnersicht d'Liewensweis an d'Organisatiounsform vun de Liewewiesen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Etymologie
D'Wuert kënnt aus dem griicheschen βιος, bios = Liewen an λογος, logos = Léier a bedeit also d'Léier vun der lieweger Natur. Eigentlech misst dat Fachgebitt éischter Zoologie heeschen, well dat griichescht zoe bezitt sech op dat organescht Liewen (net nëmmen d'Déieren), während ee wéi gesot ënnert bios d'Art a Weis ze verstoen huet, wéi virun allem de Mënsch lieft. Esou war dann och an der griichescher Antikitéit de Biologos kee Wëssenschaftler, mee e Schauspiller, deen dat mënschlecht Liewen duerstellt.
[Änneren] Applikatiounsberäich vun der Biologie
Als Kennzeechen vu liewegen Organismen (an domadder als primär Objekter vun der Recherche vun der moderner Biologie) kann een déi folgend nennen:
- d'Zell als klengsten, selbstänneg an dauerhaft funktiounsfäheg Grondeenheet vum Liewen;
- de Zytoplasma, deen als lieweg Substanz an den Zellen ass;
- aktiv Beweegungserscheinungen;
- Wuesstem;
- Energiegewënn duerch Notzung vu Liicht (Phototrophie, Photosynthese) oder duerch exergon chemesche Stoffëmsetzungen (Chemotrophie);
- Stoffwiessel mat engem bestännege Stoffzoufloss an -offloss a Form vun engem Fléissgläichgewiicht;
- Ausscheedungsprozesser;
- Reproduktioun;
- Reizbarkeet;
- Fähegkeet zur Selbstregulatioun;
- Ugepasstheet un d'Ëmwelt.
Zum engen uerdnet d'Biologie d'Liewewiesen an e System an, deen op der Evolutiounstheorie baséiert (cf. Systematik) an ënnersicht hire Bau (Anatomie, Morphologie), zum anere beschäftegt si sech mat de Liewensvirgäng an de Liewewiesen an analyséiert, wéi sech lieweg Organismen reproduzéieren, ausbreeden an am Laf vun der Zäit changéieren. Dann ass d'Biologie nach un der Wiesselwierkung vun de verschiddene Liewewiesen ënnerenaner a mat hirer Ëmwelt interesséiert.
Asiichten an déi wichtegst Strukturen a Funktiounen vun de Liewewiese sinn nëmme mat Hëllef vun Nopeschwëssenschafte méiglech. Heizou zielen z.B d'Chimie (an hei ganz besonnesch d'Biochimie), d'Physik an d'Medezin.
D'Liewewiese gi vun der biologescher Systematik am allgemengen an dräi Domäner agedeelt, vun deenen d'Eukaryoten hirersäits a véier Räicher ënnergliddert ginn:
- Archaebakterien (Archaea)
- Bakterien (Bacteria)
- Eukaryoten (Eucaryota)
An dëser Wikipedia wëlle mer d'Biologie awer och dem Laie méi no bréngem, esou datt mer eis bäi eiser interner Opdeelung net streng un déi wëssenschaftlech Klassifikatioun gehalen hunn, mee d'Uewerkategorie vun de Beräicher op der Säit gelooss hunn an direkt tëschent fënnef Räicher ënnerscheeden: de véier eukaryotesche Räicher (Déieren, Planzen, Protisten, Pilzer), plus de Prokaryoten (Archaebakterien, Bakterien).
Zeréck bäi déi wëssenschaftlech Klassifikatioun: Mat der Klassifikatioun vun den Déieren an dësem System beschäftegt sech déi Speziell Zoologie, mat der Andeelung vun de Planzen déi Speziell Botanik, mat der Andeelung vun den Archaeen, Bakterien a Pilzer d'Mikrobiologie.
D'Liewensvirgäng kënnen an d'Virgäng am Kierper (Physiologie) an an d'Virgäng bäi der Verierwung (Genetik) agedeelt ginn.
D'Distinktioun tëschent Liewen an Net-Liewen ass a munnesche Fäll net exakt méiglech, well et existéiert eng Abberzuel vun intrazelluläre Parasiten, déi keen eegene Stoffwiessel opweises hunn. Nodeems datt hir Reproduktiounsmechanismen an der Wiertszell eriwwer sinn, beweege sech dës "Organismen" erëm méi a méi vum Konzept vum Liewewiesen ewech. Gemengt sinn hei natierlech d'Viren, d'Viroiden an d'Prionen.
[Änneren] Aarbechtsmethode vun der Biologie
D'Biologie notzt ganz allgemeng d'Methode vun der Wëssenschaft, wéi:
- Froe stellen;
- Genau beobachten (och mat Hëllefsmëttelen wéi dem Mikroskop oder der Spektiv);
- Dokumentéieren vu Beobachtungen a Form vun Notizen, Handzeechnungen, Fotoen a Filmer, grad ewéi Tounopzeechnungen;
- Experimentéieren;
- Opstellen an Teste vun Hypothesen.
Donierft kennen ënnerschiddlech Deeldisziplinnen eegen Zougäng:
- Systemateschen Usaz
- e System vun de Liewewisen opstellen (Systematik) an onbekannte Liewewiesen charakteriséieren a mat Hëllef vun hiren Eegenschaften a Mierkmoler an dëse System anuerdnen.
- Anatomie
- doudeg Liewewiesen an hir Eenzeldeeler zerleeën an ënnersichen.
- Physiologie
- d'Funktioun an d'Zesummespill vun eenzelnen Zellen an eenzelnen Organer ënnersichen an erklären.
- Pathologeschen Usaz
- aus kranken Zoustänn op deenen hir Mechanismen schléissen.
- Geneteschen Usaz
- D'Ierfgutt vun allen Arte vu Liewewiesen analyséieren a katalogiséieren.
- Biochemeschen Usaz
- Déi verschidden Bestanddeeler vun de Liewewiesen (z.B. Eewäisser, Lipiden a Kuelenhydrater) grad ewéi d'chemesch Stoffëmsetzungen analyséieren.
- Verhalensbiologeschen, speziell soziobiologeschen Usaz
- D'Verhalen vun Individuen, vun artgläichen Déieren an der Grupp an vis-à-vis vun aneren Déierarten beobachten a versichen ze erklären.
- Ökologischen Usaz
- De Liewensraum vun enger Art vu Liewewiesen dokumentéieren, d'Wiesselbezéiungen vun de Liewewiesen mat hirer Ëmwelt an d'Zesummespill vu verschiddenen Arten an engem Liewensraum analyséieren.
- Notz-Usaz
- Notzplanzen, Notzdéieren an Notzmikroorganismen halen, ziichten, ënnersichen.
[Änneren] Méiglech Andeelung vum Fachgebitt
[Änneren] Wichteg Deelgebidder vun der Biologie
Aerobiologie -- Anatomie -- Anthropologie -- Bakteriologie -- Biochimie -- Biogeographie -- Bioinformatik -- Bionik -- Biophysik-- Biotechnologie -- Biozönologie -- Botanik -- Chorologie -- Chronobiologie -- Entomologie (Léier vun den Insekten) -- Entwécklungsbiologie -- Epidemiologie -- Evolutiounstheorie -- Genetik (Verierwungsléier) an Epigenetik (doriwwer eraus) -- Geobotanik -- Histologie (Léier vun de Tissusen) -- Immunologie -- Kladistik -- Lichenologie (Léier vun de Flechten) -- Limnologie -- Mieresbiologie -- Mikrobiologie -- Molekularbiologie -- Morphologie -- Mykologie (Léier vun de Pilzen) -- Neurowëssenschaften -- Ökologie (Biologie) -- Onkologie (Kriibsfuerschung) -- Ontogenie (Individualentwécklung) -- Paläontologie (mat Paläobotanik a Paläozoologie) -- Pathologie (Léier vun de Krankheetserreeger) -- Pharmabiologie -- Phykologie -- Phylogenie -- Physiologie -- Phytopathologie -- Protozoologie -- Séisswaasserbiologie -- Strukturbiologie -- Taxonomie -- Theoretesch Biologie -- Toxikologie -- Verhalensfuerschung -- Virologie -- Zellbiologie -- Zoologie
[Änneren] Grenzgebidder vun der Biologie
- Extraterrestresch Biologie (Exobiologie oder Astrobiologie)
- Cryptobiologie
- Kënschtlecht Liewen (als Simulatioun op engem Computer och nach AI genannt, vum engl.: Artificial Intelligence)
- kybernetesch Organismen (Cyborgs)
- Medezin, Veterinärmedezin
- Ingenieurbiologie
- Kriminalbiologie