Société des naturalistes luxembourgeois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Société des naturalistes luxembourgeois (S.N.L.) regruppéiert zu Lëtzebuerg d'Naturalisten, d.h. d'Leit déi sech fir d'Natur an d'Naturwëssenschaften interesséieren. Mat bal 600 Memberen ass d'S.N.L. dee gréisste wëssenschaftleche Veräi vum Land.
D'S.N.L. publizéiert zënter 1891 eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois. 106 Bänn si bis 2006 erauskomm. De Bulletin ass deen eenzegen lëtzebuergesche Périodique scientifique mat regelméisseger Parutioun.
[Änneren] Geschichtleches
D' Fauna oder d'S.N.L., wéi dës Associatioun nach op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass 1890 ënner dem Numm FAUNA - Verein Luxemburger Naturfreunde gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere woren: Victor Ferrant, Mathias Kraus, Nic. Leonardy, Hubert Müllenberger a Jean Petermann. Schonns am Joer 1891 gëtt op dem Deckel vum Bulletin de franséischen Numm ugeféiert: Société des naturalistes luxembourgeois.
Wichteg Etappen an der Geschicht vun dësem Veräi sinn:
- 1907 kënnt et zur Fusioun mat der Botanescher Gesellschaft, déi 1872 gegrënnt gouf.
- 1930 publizéiert d'Gesellschaft hir Statuten am Mémorial.
- 1982 ass d'S.N.L. ee vun de Grënnungsmembere vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur, zesumme mat der Natura an der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
- 1994 ass d'Ouverture vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier. D'Haus gëtt vun 6 Veräiner verwalt, dorënner d'S.N.L. (cf. de Bulletin n° 96/1995).
- 1998 dréit d'S.N.L. zur Grënnung vun der Fondation Faune-Flore - Institut de recherche sur le patrimoine naturel et la diversité biologique bäi.
- Zënter 2001 ass d'S.N.L. um Spaweck vertrueden (www.snl.lu).
En détailléierten Historique fënnt een am Joerhonnertbuch Livre du Centenaire de la SNL (MASSARD, J. 1990 : Livre du Centenaire 1890-1990. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-466).