Donald E. Knuth
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Donald Ervin Knuth (* 10. Januar 1938) ass emeritéierte Professer fir Informatik op der Universitéit Stanford. Hien ass beschtens bekannt als Autor fir The Art of Computer Programming, eng vun de wichtegste Referenzen am Beräich vun der Informatik an als den Entwéckler vun TeX a METAFONT, engem dréckréifem Textsazsystem, dat besonnesch am akademesche Beräich ganz beléift ass. Hien huet de Begrëff literate programming, d'Opfaassung Computerprogramme mat därselwechter Fleeg wéi ee literareschen Text ze verfaassen, agefouert.
Gebuer zu Milwaukee, Wisconsin, huet den Donald Knuth 1960 säin Diplom a Mathematik krut. Dräi Joer méi spéit mécht hie säin Doktorat um California Institute of Technology, wou hien als Professer ugefaang huet ze schaffen. 1968 huet hien den éischte Band vu sengem ursprénglech siewebännegem geplangtem Wierk The Art of Computer Programming publizéiert an ass dat selwecht Joer Professer zu Stanford ginn. 1990 ass hien als Professor of the Art of Computer Programming ernannt ginn an huet sech zwee Joer drop vun der aktiver Fuerschung a Léier zu Stanford zréckgezunn, fir u weidere Bänn vu sengem Wierk ze schaffen.
Den Donald Knuth huet eng Rei vun Auszeechnunge kritt, ënnert anerem 1971 als éischten den ACM Grace Murray Hopper Award, 1974 den Turing-Präis, 1979 d'National Medal of Science, 1995 d'John von Neumann Médaille an 1996 de Kyoto-Präis.
[Änneren] Zitater
"Ich will hier niemandem zu nahe treten, aber ich bin ein großer Fan der Open-Source-Bewegung. Es beeindruckt mich, dass hier tausende von Leuten wirklich gute Arbeit leisten. Jeden Tag passieren zehn Kleinigkeiten, und nach einem Jahr ergibt das massive Fortschritte." (aus der c't 5/2002)