Benny Berg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernard ("Benny") Berg, gebuer de 14. September 1931 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
Hien huet eng Léier als Dréier op Arbed Diddeleng gemaach (1946-1949 an huet do bis 1963 dëse Beruff ausgeübt. Vun Ufank un war hien an der Gewerkschaftsbewegung engagéiert, esou huet en ënnert anerem beim DGB eng Ausbildung gemaach. Hie war fir d'éischt Sekretär, dunn President vun der Aarbechterdelegatioun op Arbed Diddeleng, duerno Vizepresident a schliisslech President vun der zentraler Aarbechterdelegatioun vun der Arbed.
Och am LAV war hien fir d'éischt President vun der Lokalsektioun, da President vun de Schmelzaarbechter vum LAV, weider Vizepresident, duerno President vum Zentralcomité vum LAV a Member vum Comité-directeur vun der CGT.
Hien huet sech och fréi an der LSAP engagéiert, a war 1955 Vizepresident vun der Jugendsektioun. 1970 koum hien an den Direktiounscomité, a gouf vun 1980 bis 1985 Vizepresident vun deeër Partei.
Vun 1970 bis 1974 a vun 1981 bis 1984 war hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt ginn.
Vun 1969 bis 1974, an da vun 1979 an 1984 war de Benny Berg Deputéierten an der Chamber. An der Regierung Thorn-Vouel war hie Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung, fir Famill, soziale Wunnéngsbau a sozial Solidaritéit. Wéi de Raymond Vouel 1976 Member vun der Europäescher Commissioun gouf, gouf de Berg Vizepresident vun der Regierung.
1984, an der Regierung Santer-Poos I, war hie bis 1988 Gesondheetsminister, a Minister fir Sozialversécherung bis 1989.
1989 war hien an d'Chamber erëmgewielt ginn, huet dat Mandat awer 1990 ofginn.
Bis 1995 war hien Administrateur délégué vun der Fondation Kräizbierg.