Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Europäesch Commissioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Europäesch Commissioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Berlaymonts-Gebai zu Bréissel, Sëtz vun der Europäescher Commissioun
Vergréisseren
D'Berlaymonts-Gebai zu Bréissel, Sëtz vun der Europäescher Commissioun

D'Europäesch Commissioun, offiziell: "Commissioun vun den Europäesche Communautéiten", ass d’Exekutivorgan ënnert den Europäeschen Institutiounen. Si hält souzesoen d’EU um Rullen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Hir 4 Haaptfonctiounen

Se huet eng véierfach Roll: Fir d’éischt emol ass et si, déi europäesch Rechtsvirschrëften, (déi sougenannt Reglementer an Directiven) ausschafft an dem Europäesche Parlament a Conseil virleet, dass déi sollen driwwer ofstëmmen. Dëst nennt een Initiativrecht. D'Europäesch Traitéë leeë fest, a wat fir Beräicher d'Commissioun iwwerhaapt Virschléi maache kann: Dës si virun allem Transport, Industrie, Soziales, Landwiertschaft, Ëmwelt, Energie, Regionalentweklung, Handel an Ëntweklungshëllef. Geméiss dem Subsidiaritéitsprinzip kann d'Commissioun nëmmen dann nei Initativë proposéieren, wann dës op dem Niveau vun der EU méi effizient sinn, wéi wa se giffen of nationalem, regionalem oder lokalem Plang organiséiert ginn.

Dann ass se dofir verantwortlech, dass déi sëllechen EU-Aktivitéiten ausgefouert ginn, an se iwwerwaacht d’Gestioun vum EU-Budget. A verschiddene Beräicher, wéi z.B. der Konkurrenz, hun d'Memberstaaten si zu enger Zort Arbitter gemaach: si ka Strofe bei Karteller verhänken, Fusiounen oder staatlech Hëllefen un Entreprise verbidden.

Schliisslech passt se op, dass d’Europäesch Traitéën a Rechtsvirschrëften agehale ginn. Dat gët hir d’Méiglechkeet, eng Plainte géint e Memberstaat virum Europäesche Geriichtshaff ze maachen, wann deen sech net un déi Regelen, déi e matt vereinbart huet, hält.

Och vertrëtt d’Commissioun, virun allem am Beräich Handel an Zesummenaarbecht, op weltwäitem Plang d’EU an hir Memberstaten, an handelt an hirem Numm international Accordën aus.

[Änneren] Zesummesetzung an Aarbechtsweis

 D'Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg
Vergréisseren
D'Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg

D’Europësch Commissoun besteet zënter dem 22. November 2004 aus 25, dem 1. Januar 2007 aus 27 Memberen, 1 pro EU-Memberstaat. Dat nennt een heiansdo och de 'Collège' vun der Commissioun. Si hëlt hir Decisioune mat enger Majoritéit vun hire Memberen (et mussen der deemno op d'manst 13 (vun 2007 un: 14) zoustëmmen).

Ënnerstëtzt an hirer Aarbecht ginn des Fraen a Männer vun enger 24.000 Beamten. Dat kléngt no vill, 't sinn der awer net méi wéi bei enger mëttelgrousser Stad. Di meeschte Mattaarbechter schaffen zu Bréissel, eng 2.000 zu Lëtzebuerg. Hiren offizielle Sëtz huet si am 'Berlaymont', engem X-fërmege Gebai zu Bréissel um Rond-point Schuman.

De Commissiounspresident gëtt vun de Regierunge vun de Memberstaten ausgesicht a muss vum Europäesche Parlament confirméiert ginn. Déi aner Commissiounsmembere gi vun hirem Land, am Averständnis mam President, ernannt, a mussen och eng Majoritéit vun den Deputéierten iwwerzeege kënnen. D’Commissioun gët op 5 Joer nominéiert, mee se kann duerch e Mësstrauensvote vum Parlament fréizäiteg heemgeschéckt ginn. De President fir säin Deel huet d’Recht, eenzel Memberen z’entloossen, wann hien et fir néideg fënnt.

D’Commissioun ass onofhängeg vun de Regierunge vun de Memberstaaten an däerf alleng am Intressi vun der EU als Ganzes handelen.

[Änneren] D'Barroso-Commissioun (2004- )

D'Membere vun der Commissioun ënnert der Presidence vum José Manuel Barroso:

  • José Manuel Barroso, Portugal, Commissiounspresident
  • Margot Wallström, Schweden, Vizepresidentin, Bezéiungen zum Parlament, Ëffentlechkeetsaarbecht
  • Günter Verheugen, Däitschland, Vizepresident, Industrie- und Entreprisëpolitik
  • Jacques Barrot, Frankräich, Vizepresident, Verkéier
  • Siim Kallas, Estland, Vizepresident, Administratioun, Comptabilitéit a Korruptiounsbekämpfung
  • Franco Frattini, Italien, Vizepresident, Justiz a Bannenzech Affairen
  • Viviane Reding, Lëtzebuerg, Informatiounsgesellschaft a Mediepolitik
  • Stavros Dimas, Griicheland, Ëmwelt
  • Joaquín Almunia, Spuenien, Wirtschaft und Währungsfroen
  • Danuta Hübner, Polen, Regionalpolitik
  • Joseph Borg, Malta, Fëscherei a Navigatioun
  • Dalia Grybauskaite, Litauen, Budget
  • Janez Potočnik, Slowenien, Fuerschung
  • Ján Figeľ, Slowakei, Bildung a Kultur
  • Marcos Kyprianou, Zypern, Gesondheet (bis den 31.12.2006 och Konsumenteschutz)
  • Olli Rehn, Finnland, Ausbreedung
  • Louis Michel, Belsch, Entwécklungspolitik an humanitaire Hëllef
  • Andris Piebalgs, Lettland, Energie
  • Neelie Kroes, Holland, Konkurrenz
  • Mariann Fischer Boel, Dänemark, Landwiertschaft
  • Benita Ferrero-Waldner, Éisträich, Aussebezéiungen an europäesch Noperschaftspolitik
  • Charlie McCreevey, Irland, Bannemaart a Servicer
  • Vladimír Špidla, Tschechesch Republik, Aarbecht a Soziales
  • Peter Mandelson, Groussbritannien, Handel
  • László Kovács, Ungarn, Steiern an Douanesunioun

[Änneren] vum 1. Januar 2007 un zousätzlech:

De Rocco Buttiglione an d'Ingrida Udre, déi ursprénglech viergesi waren, sinn duerch de Franco Frattini an den Andris Piebalgs ersat ginn, wéi feststung, dass d'Europäesch Parlament staark Reserven géint des zwéin hat, a bei engem Vote dem Barroso sénger Commissioun d'Vertraue net (oder nëmme ganz knaps) gestëmmt hätt. Och de László Kovács krut en anere Portefeuille, well e bei den 'Hearingen' am Parlament vill Deputéiert net vu senge Kompetenzen a Saachen Energie iwwerzeege kunnt. D'Parlament huet des ëmgeännert Equipe den 18. November 2004 guttgeheescht, sou dass se offiziell den 22. November hir Aarbecht ophuele konnt.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com