Star Trek
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Star Trek (eng.: "Stärerees) ass en Iwwerbegrëff fir eng bis elo 5 Fernsehserien, enger Zeechentrickserie an 10 Kinofilmer. Star Trek ass beim Filmgenre Science-Fiction ze klasséieren an huet säin Uersprong an den 60er Joeren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Den Ufank
An de fréiere 60er Joeren huet de Gene Roddenberry en éischt Dréibuch fir seng geplangten Science-Ficiton-Serie, déi bis dohin nach keen Numm hat, geschriwwen an verschiddenen Sender ugebueden. Fir d'éischt sollt dat berühmt Schëff "USS Yorktown" heeschen, gouf spéider awer an USS Enterprise ëmbenannt. Mëtt der 60er huet de Gene Roddenberry d'Méiglechkeet kritt, en Pilotfilm ze dréinen, deen vum amerikaneschen Fernsehsender NBC awer ofgelehnt gouf. Ze Usprochsvoll huet et op der enger Säit geheescht, op der aanerer Säit hat den Sender och Angscht virun de Kritiken. The Cage (däitsch: Der Käfig) ass net ausgestrahlt gin.
NBC huet dem Roddenberry awer eng zweet Chance gin. D'Bedingungen waren, datt di komplett Besetzung sollt ausgetosch gin, besonneg den Mr. Spock (Leonard Nimoy). Duerch seng spatz Oueren haten d'Produzenten Angscht, den Public giff d'Serie als ze vill Satanistesch opfaalen. Den Roddenberry huet sech awer kënnen duerchsetzen, an sou ass den Mr. Spock op der Enterprise bliwwen an d'Majel Barrett (déi spéider mam Roddenberry bestued war) huet den Posten vun der Éischter Offizéiesch missen géint en Posten op der Krankenstatioun ëmtauschen. Ën neien Pilotfilm, "Where No Man Has Gone Before" (Spitze des Eisbergs) ass gedréit gin. Mee am plaz vum Pilotfilm gouf direkt di zweet Episod "The Man Trap" (Das Letzte seiner Art) gewossen. D'Serie, déi ënnert dem Numm "Star Trek (an Däitschland "Star Trek: Raumschiff Enterprise") gelaaf ass huet et op 79 Folgen bruecht. Wéi dann 20 Joer méi spéit d'Spin-off-Sendungen gedréit goufen, ass den Numm vun der éischter Serie an "Star Trek: The Original Series" ëmbenannt gin.
[Änneren] Ëm wat geet ët?
Star Trek ass d'Geschicht vun de Mënschen am der Zukunft. Am Joer 2061 (Dem 5. Abrëll) test den Zefram Cochrane déi éischten Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet dat éischt Raumschëff (d'Phoenix), dat Warp-Geschwindegkett erreechen kann. E vulkanescht Fuerschungsschëff, dat laanscht d'Ärd fléie soll, kritt dëst mat an land sou op der Ärd. Ët kënnt sou zum Éischten Kontakt. Honnert Joer méi spéit, am Joer 2161 gëtt d'Vereente Föderatioun vun de Planéiten (eng.: UFP, United Federation of Planets). D'Grënnungsmemberen sin d'Mënschen, d'Vulkanier an d'Andorianer.
Knapps honnert Joer méi spéit, an den 60er Joeren vum 23ten Joerhonnert, geet den Captain Kirk mat der Crew vun den USS Enterprise op déi berühmt 5-Joeres-Missioun. Nach eng Kéier honnert joer méi spéit, ab dem Joer 2363 geet en neit Zäitalter vun der Raumfahrt un. Den Captain Picard iwwerhëllt d'Kommando iwwert d'Enterprise NCC-1701-D. Ab dem Joer 2369 zéien d'Cardassianer hieren Usproch op Bajor zereck an d'Föderatioun iwwerhëllt, a Fonktioun vum Oppasser, den Kommando ënnert der Leedung vum Captain Sisko iwwert d'Raumstatioun Deep Space Nine, déi sech am Orbit vu Bajor befënnd.
Am Joer 2371 kritt d'Captain Janeway d'Kommando iwwert d'USS Voyager NCC-74656 a gëtt während enger Missioun mam ganzen Schëff an den 75.000 Liichtjoeren entfernten [[Delta Quadrant] gezunn. Eng laang Heemrees geet un. An der selweschter Zäit geet am Alpha Quadrant, speziell an der Géigend vun Deep Space Nine, den groußen Krich géint d'Dominion un.
[Änneren] Produktiounen
[Änneren] Serien
- "Star Trek: The Original Series" (1966 bis 1969)
- "Star Trek: The Animated Series" (1972 bis 1973)
- "Star Trek: The Next Genertion" (1987 bis 1994)
- "Star Trek: Deep Space Nine" (1993 bis 1999)
- "Star Trek: Voyager" (1995 bis 2001)
- "Star Trek: Enterprise" (seit 2001)
[Änneren] Kinofilmer
- "Star Trek I: The Motion Picture" (1979)
- "Star Trek II: The Wrath of Khan" (1982)
- "Star Trek III: The Search for Spock" (1984)
- "Star Trek IV: The Voyage Home" (1986)
- "Star Trek V: The Final Frontier" (1989)
- "Star Trek VI: The Undiscovered Country" (1991)
- "Star Trek VII: Generations" (1994)
- "Star Trek VIII: First Contact" (1996)
- "Star Trek IX: Insurrection" (1998)
- "Star Trek X: Nemesis" (1992)
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Starfleet
- LCARS
- Lëscht vun de Star Trek-Volleken
- Lëscht vun de Star Trek-Schëffer
- Lëscht vun de Star Trek-Charakteren
- Lëscht vun de Star Trek-Schauspiller
[Änneren] Extern
כוכבים]]