Samuel Beckett
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Samuel Barclay Beckett gouf Karfreideg, den 13. Abrëll 1906, als eelste Jong vu protestanteschen Elteren zu Foxrock am kathouleschen Irland gebuer. Hien ass den 22. Dezember 1989 zu Paräis gestuerwen, wou en sech schonn virum Zweete Weltkrich etabléiert hat. Wéi de Krich ausgebrach ass, ass hien zu Paräis bliwwen, obschonns en hätt kënnen an seng neutral Heemecht zréckgoen. Am Zweete Weltkrich war hie mat sengem Frënd Alfred Péron am Resistenzgrupp Gloria SMH, dee vum Paschtouer Robert Alesch, zu Uespelt (Lëtzebuerg) gebuer, verrode gouf. De Samuel Beckett koum mat senger Frëndin Suzanne Deschevaux-Dusmesnil, déi en 1961 bestuet huet, nach just dervun; de Péron awer gouf deportéiert an ass un de Suite vun senger Inhaftéierong am KZ vu Mauthausen ëmkomm.
Nom Krich huet de Samuel Beckett, dee bis dohin zwéi wichteg Romaner op englesch geschriwwen hat – Murphy a Watt – mat sengem éischte Roman op franséisch: Mercier et Camier d’Sprooch gewiesselt, a laang Joeren seng Prosawierker fir d’éischt op franséisch redigéiert an duerno selwer op englesch iwwersat. A kuerzer Zäit huet en seng bedeitend Romantrilogie: Molloy, Malone meurt an L'Innommable, sou wéi zwee Theaterstécker: Eleutheria an En attendant Godot geschriwwen: Dëst Schlësselwierk huet hien op ee Schlag bekannt gemeet.
Eréischt mat Company (1980 erauskomm) kéiert de Beckett an der Prosa zu senger Mammesprooch zréck. Dat war anescht am Theater, well Krapp's last Tape an Happy Days Produktioune op englesch waren.
Dem Samuel Beckett säi Schreiwen ass ëmmer méi als ee vun deene bedeitendsten vum 20. Joerhonnert unerkannt ginn; Honnerte vu Bicher goufen iwwer hie publizéiert, an 1969 krut hien de Literaturnobelpräis. Deen ass en aus Mënscheschei net selwer siche gaangen. Hien huet bal ëmmer ganz zréckgezunn gelieft, ausser wann e mat Frënn oder iresche Bekannten zesumme war. Vun 1966 un huet en géint schwéier Krankheete misse kämpfen a gouf e puermol operéiert.
Säi Liewe laang huet en Sympathie fir déi gewisen, déi gelidden hunn, inhaftéiert oder verfollegt goufen: Fir Irland huet e verbueden, datt säin Theater opgefouert gouf, sou laang wéi den James Joyce an den Sean O'Casey do zensuréiert goufen; d'selwecht fir Südafrika, bis den Apartheid-Regime eriwwer war. Dem Václav Havel huet e säi Stéck Catastrophe / Katastrof dediéiert.
Impuls a Grondthema vun sengem Schreiwen ass d’Bewosstsinn vun der Tragédie vun der Gebuert, vum Erausgestoussginn aus dem Mammeleif L’Expulsé an de Purgatorium vun enger (Ëm)welt, déi genee sou am Gaang ass, op en Desaster zouzesteieren, wéi de Mënsch selwer. Dee muss bewosst d’Katastrof vum Liewen, den Echec vun der Existenz op sech huelen. Nëmmen duerch d'Literatur, d'Konscht oder d'Musek kann den totalen Echec vum Liewen nach reüsséieren, sou datt dëst z'erdroen ass. "Well dat sou gespillt gëtt ... sou spille mer dat eeben sou ... a soe mer näischt méi derzou ... soe mer näischt méi." (Schluss vun Endspill)
[Änneren] De Beckett op Lëtzebuergesch
Tëscht de Joren 1999 an 2005 huet de Guy Wagner 14 Stécker vum Beckett op Lëtzebuergesch owwerdroen. Si kruten d'Autorisatioun vum Samuel Beckett Estate, fir däerfen opgefouert ze ginn.
- Waarden op de Godot
- Endspill
- Dat lescht Band
- Glécklech Deeg
- Spill
- Kommen a goen
- Net ech
- Deemols
- Trëtt
- Monolog
- Rockaby
- Ohio Impromptu
- Katastroph
- Wat wou
[Änneren] Fir ze liesen
- Am Abrëll 2006 si véier Beckett Stécker (Waarden op de Godot; Endspill; Katastroph; Wat wou)
, déi vum Guy Wagner iwwerdroe goufen, an engem Buch erauskomm:
- Samuel Beckett: Samuel Beckett: Theater, Éditions PHI
- Wagner, Guy: Beckett trahi par un abbé d'origine luxembourgeoise - In: kulturissimo : mensuel culturel et socio-politique. - Luxembourg. - N° 47(12 avril 2006), Säiten 8-13, ill.