Kierch (Architektur)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëssen Artikel befaast sech mat der Architektur vu kathoulesche Kierchen. Falls e Bescheed wees wéi den Opbau bei anere Konfessiounen ass, ass seng Kontributioun natierlech wëllkomm. |
D'Architektur vun de Kierchen huet staark evoluéiert am Laf vun der Zäit, verschidden Elementer fënnt een awer bal an all Kierch ërem. Dozou gehéieren:
- Den Aganksberäich déngt virun allem als Wandfang, hei léien dacks Ziedelen aus déi iwwert d'Aktivitéiten an der Par informéieren
- D'Mëttel- oder Haaptschëff ass de Raum wou d'Still oder d'Bänken fir d'Leit stinn déi an d'Kierch kommen; fréier stung dacks um Ufank vum Haaptschëff (also zu Aganksberäich hinn) den Dafsteen, z. B. um Lampertsbierg oder um Belair
- Am Chouer stinn den Altor, den Ambo, néierdéngs (zanter der Liturgiereform) den Dafsteen an eventuell den Tabernakel (falls dësen net op enger Säit baussent vum Chouer steet). De Chouer ass meeschtens no Osten hi gedréit. Falls en hallefronnen Ofschloss vum Chouer existéiert, heescht dësen Apsis. Am Chouer vun Klouschter-, Abtei- a Kathedralkierche fënnt een dacks Ställercher déi fir d'Stonnegebiet benotzt ginn.
- D'Sakristei ass en Zëmmer nieft dem Chouer an dem déi déi enger liturgescher Feier virstinn oder dësen hëllefe sech kënne preparéieren.
optional sinn
- D'Säiteschëff(er) si paralell zum Haaptschëff, hei kënnen d'Leit zirkuléieren an hei stinn dacks Beichtstill
- Duerch e Querschëff kann eng Kierch d'Form vun engem Kräiz kréien, dëst war laang Zäit déi üblech Form vun de Kierchen
- De Chouerëmgang erméigelecht et, falls 2 Sakristeien do sinn, vun enger an déi aner ze kommen ouni missen duerch de Kiercheraum ze lafen
- Niewenaltär: kuckt den Artikel Altor
- En Duxsall ass eng Zort Balkon iwwert dem Aganksberäich op dem eventuell eng Uergel steet an op deem e Kierchechouer ka Plaz huele fir ze sangen.
[Änneren] Geschicht vun der Kierchenarchitektur
- Mëttelalter:
- Renaissace (ongeféier vun 1500 bis 1600)
- Barock a Rokoko (ongeféier vun 1600 bis 1750)
- wärend dem Historismus (Enn 18. Jh. bis Ufank 20. Jh.) goufen al Stiler ërem opgegraff, zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Unzuel vun historistesche Kierchen
- Neoklassizismus, z. B. Mierscher Kierch
- Neoromanik, z. B. Lampertsbierger Kierch
- Neogotik, z. B. Diddelenger Kierch an Escher Jousefskierch
- Modern Kierche goufen tëscht dem Ufank vum 20. Jh. bis ongeféier 1960 gebaut, de Grondplang entsprécht nach dem uewe gewissene, mä d'Architekturelementer sinn zäitgenëssech, z. B. halleform, véiereckeg Fënsteren, Glasbeton. Beispiller zu Lëtzebuerg: Belairer Kierch, Kierch Esch-Grenz. An dës Epoch fält och de Bauhausstil no dem zu Lëtzebuerg d'Jesuitekapell um Belair gebaut ass.
- nom 2. Vatikanesche Konzil (also vun 1965 un) an dem senger Liturgiereform gouf mat nei Formen experimentéiert a geschafft, z. B. Centser Kierch an Rued-Sirer Kierch