Uergel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Uergel |
---|
engl.:organ, ital.:organo |
Klassifikatioun |
Aerophonen Tasteninstrumenter |
Tounëmfang: |
gesamten Héierberäich |
verwandten Instrumenter: |
Portativ, Positiv, Regal |
Klangbeispil: |
feelt nach |
Musiker |
Organisten |
Kuckt och |
Uergelmanufakturen |
Eng Uergel (vu gr. όργανον: Wierkgeschir) ass e Museksinstrument aus der Grupp vun den Aerophonen (déi Instrumenter an denen e Loftstroum den Toun mécht) mat Tasten.
Se besteet aus:
- engem Päifewierk,
- engem Wandwierk
- engem Spilldesch.
[Änneren] Päifewierk
D'Päife vun enger Uergel si metallen oder hëlze Réier, duerch déi Loft, déi ënner Drock steet, stréimt. All Päif an enger Uergel entsprecht engem Toun, wat eng Päif méi laang ass, wat den Toun, deen erklengt, méi déif ass. D'Längt vun de Päifen gëtt a Fouss gemooss (1' entsprécht ongeféier 30 cm). D'Klangfaarf vun enger Päif hänkt vum Typ (Labial- oder Zongepäif, kuck ënnedrenner), vum Material, der Form an dem Rapport Duerchmeesser/Längt a.s.w. of. Päife vun derselwechter Klangfaarf a verschiddenen Tounhéichten bilden e Regëster.
[Änneren] Labialpäifen
Labialpäife lauschteren
De Loftstroum gëtt un engem (heiansdo och zwee) Labium (Lëps) gebrach (wéi bei enger Blockflütt). Normalerweis si Labialpäifen uewen op, ass dëst net de Fall, seet een se wäre gedackt, an dësem Fall klengen se eng Oktav méi déif wéi eng oppe Päif vun derselwechter Längt.
[Änneren] Zongepäifen
Be Loftstroum brengt e Bliedchen zum Schwéngen (wéi bei enger Klarinett). Dës Zort Päifen huet en zimlech schaarfe Klang a gett dofir meeschtens solistesch agesat. D'Form vum Schallbecher déterminéiert d'Klangfaarf. Well een normalerweis d'Lautstärkt vun enger Päif net beaflosse kann, besteet d'Méigelechkeet verschidde Regëster an e sougenannte "Schwellkasten" (eng Kescht vun där eng Säit aus Schaute besteet déi méi oder manner opgemaach kënne ginn, an esou méi oder manner Toun erausloossen) stellen. Schwellkasten lauschteren
[Änneren] Spilldesch
Um Spilldësch sinn ze fannen:
- den Haaptschalter
- een oder méi Manualer: déi Tasten, déi mat den Hänn gespillt ginn,
- eng Pedall: Pedallen, déi wéi eng Pianostastatur ugeuerdnet sinn, an déi mat de Féiss gespillt ginn,
- Regësterzich oder -knäppecher mat deenen ee bestëmmt, wéi eng Regëstere sollen erkléngen,
- aner Spillhëllefen
- Koppelen,
- Setzer,
- Transpositor,
- Pedall(e) fir d'Op- an Zoumaachen vun de(m) Schwellkasten,
- Regesterschweller (Generalcrescendo)
- Absteller
[Änneren] Traktur
D'Traktur beschreiwt wéi d'Tasten mat de Ventiller vun de Päife verbonne sinn, fir dës op an zou ze maachen.
Et ënerscheed een:
- mechanesch Traktur: e System vun Hiewele verbënnt Tasten an d'Ventiller
- elektresch Traktur: beim Drécke vun der Tast gett e Stroumkrees geschloss deen en Elektromagnéit um Ventill aktivéiert, deen dann de Ventill opmecht
- pneumatesch Traktur: Réier mat Drockloft (méi en héigen Drock ewéi de Spilldrock fir d'Päifen), si verbannen Tastatur mat de Ventiller
- elektropneumatesch Traktur
[Änneren] Wandwierk
[Änneren] Geschicht vun der Uergel
Schonns an der Antikitéit gouf et Uergelen. An dëse gouf d'Loft an e Behälter gepompelt aus deem se Waasser verdriwwen huet, esou konnt e gläichméissege Loftdrock entstoe fir an d'Päifen ze stréimen. Dës Instrumenter haten en haarde Klang a goufen z. B. an Amphitheatere benotzt.
Am 8. an 9. Jh. koum d'Uergel iwwer Byzanz an eis Géigenden. Sou gouf et z. B. schonns 812 eng Kierchenuergel zu Oochen. No an no sinn se ëmmer méi grouss ginn. An der 2. Halschent vum 18. Jh. sinn déi sougenannt romantesch Uergelen (orchestral Kläng) opkomm an hunn déi bis dohin wäitverbreed Barockuergel verdrängt. Um Ufank vum 20. Jh. gouf et awer eng Réckbesënnung op déi klassesch Barockuergel an där hiert Klangideal.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Organum Plenum Lëtzebuerg
- Websäit vun den Amis de l'Orgue - Lëtzebuerg
- Websäit vun den Amis de l'orgue Saint Martin Dudelange
- Websäit vun den AMIS de l'ORGUE DIEKIRCH, a.s.b.l.
- Websäit vun der neier Uergel an der Kierch Eeschwëller" (Eschweiler bei Wolz)
- Nei Uergel Dekanatskiirch Wolz
- Websäit iwwer den Dom Paul Benoit, O.S.B. (1893-1979)
- Websäit vum Jean Jacques Kasel]
- Engleschsproocheg Websäit iwwer de Paul Kayser