Dafsteen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Dafsteen ass e sakralen Objet a Kierchen den zur Spendung vum Sakrament vun der Daf gebraucht gëtt. Meeschtens huet en d'Form vun enger Küvett déi op engem ca. 1,5 m héigen Sockel steet. D'Material kann aus Holz, Steen oder Metall sinn.
Et ginn 3 méigelech Emplacementer fir en Dafsteen an enger Kierch:
- an enger Dafkapell, z. B. eng Nisch an engem Säiteschëff oder soss enger méi oder manner ofgetennter Plaz, z. B. um Houwald
- direkt bei der Entrée (dës sinn haut meeschtens net méi am Gebrauch), z. B. um Belair
- am Chouer, z. B. um Cents
Dacks steet den Dafsteen no bei der Ouschterkäerz.
Et gett och Dafsteng déi grouss genuch si fir d'Daf duerch Ënnerdauchen ze spenden, dës sinn allerdengs a Westeuropa äusserst seelen; Ausnam: d'Kathedral vun Évry bei Paräis.