Ställercher
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Ställercher bezeechent een déi Setzgeleegenheeten déi parallel zu der Längsachs vun enger Kierch am Chouer opgestallt sinn. Et fënnt een se haaptsächlech an Klouschterkierchen an a Kathedralen well se do vun de Pateren oder Nonnen respektiv dem Doumkapitel fir d'Stonnegebiet benotzt ginn.
Meeschtens sinn et hëlze Konstruktioune bei deenen déi eenzel Stallen (esou heescht eng eenzel Sëtzgeleegenheet) mat Trennwänn vuneneen ofgedeelt sinn. Dës Trennwänn sinn op mannst esou héich datt se fir een de steet kënnen als Accoudoir déngen. De Sëtz selwer ass en hëlzent Bried, dat kann eropgeklappt ginn. Op der Ënnersäit vun dem Bried ass eng Konsol, déi Misericordia, d. h. Matleed, heescht. Si kuckt am eropgeklappten Zoustand no uewen (wéi op der Foto) an erméigelecht esou dem Benotzer sech oofzestäipen, hie brauch also net déi ganz Zäit wierklech ze stoen. Dacks si Ställercher och ganz räich dekoréiert.