Juegd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Am allgemengen ass Juegd (oder d'Joen) eng Handlung vu bestëmmte Liewewiese, déi doranner besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z'iessen oder hir Nozuucht domatter ze fidderen. De Mensch huet dat fréier och aus deeër Ursaach gemeet.
Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op e Juegdrevéier oder eng Juegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluechte Verfollegung, resp. Sich. An dësem Artikel gëtt d'Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mecht, fir Wëld ze erleeën.
D'Juegd gëtt hautdesdaags allgemeng explizéiert als déi Aktioun déi do dorausser besteet, en Déier opzefannen, ze verfollegen, an et entweder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze brengen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Juegd fréier
D'Juegd ass eng vun deenen Aktivitéiten, déi de Mënsch schonns ganz fréier exerzéiert huet, fir u Fleesch ze kommen. Hien huet awer och vun de Pelzer an de Schanke vun den Déieren profitéiert fir Gezei an Decken ze maachen. Mat de Schanken hun déi éischt Mënsche Waffen oder anert nëtzlecht Geschir gemeet.
Spéider gouf d'Juegd vun de räichen Herrschaften als Zäitverdreif bedriwwen.
[Änneren] Juegd haut
Haut ass d'Juegd gesetzlech reglementéiert. Wann e Mënsch, dee keng Erlaabnes derfir huet, Wëld erleet an a säi Besëtz bréngt, da gëtt dat als Braconnage bezeechent.
[Änneren] Juegdzorten a Juegdmethoden
Als Juegdzorten gëtt et:
- Grousswëldjuegd: Dës betrefft grouss Raubdéieren oder och z.B. den Elefant an de Bison. Dës Juegd gouf haaptsächlech an Afrika an Asien an an Amerika ausgeübt. Et huet laang gedauert bis do Gesetzer komm sinn fir déi Déierenarten ze schützen an durfir sinn der eng Parti bal guer net méi ze fannen, anerer si leider ganz vum Mensch ausgerott ginn.
- Héichwëld- a Nidderwëldjuegd: Wat als Héichwëld betruecht gëtt hängt oft vun der Législatioun vum Land of. A verschidde Länner gehéieren d'Réi zum Héichwëld, an anere net.
- Wasserjuegd gëtt haaptsechlech a Géigende mat ville bejobare Waasservulle gemeet, z.B a Géigende wou vill Weiere sinn, oder um Bord vum Mier.
- Ënnerwasserjuegd.
Als Juegdmethoden gëtt et:
- Den Usëtz: do lauert de Jeeër op enger bestëmmtener Plaz op d'Wëld (dacks op engem Héichsëtz);
- d'Pirsch: do schläicht de Jeeër duerch de Bësch a geet de Wiessele vum Wëld oder anere Spuren, déi d'Wëld hanneléisst, no;
- d'Klappjuegd: do ginn Dreiwer duerch de Bësch a maache Kaméidi fir dass d'Wëld soll an eng bestëmmte Richtung, wou Jeeër mat Flënte stinn, lafen, déi et dann ofschéissen;
- d'Falestellerei;
- d'Baujuegd ass fir Wëld ze erleeën dat an engem Bau lieft, wéi d'Kannéngercher oder d'Fiiss.
[Änneren] Juegd zu Lëtzebuerg
D'Juegd zu Lëtzebuerg ass geregelt duerch d'Juegdgesetz vum 23. Mee 1885 dat duerno en etlech Revisionen hat an duerch d'Naturschutzgesetzer agegenzt gouf.
Wann een zu Lëtzebuerg wëllt op d'Juegd goen da muss een e Juegdschäin hunn, an dee kritt e jonke Jeeër eréischt wann hien eng Jeeërprüfung gemeet huet.
D'Jeeër feieren hire Schutzpatréiner, den Hellegen Hubertus, den 3. November. Op Haupeschdag ginn daan och dacks Juegten organiséiert, mee normalerweis ass dann ëmmer eng Mass virdrun, wou dann d'Jeeër aus der ganzer Géigend sech zesummefannen.
[Änneren] Juegdgesetz
[Änneren] Rechtleche Status vum Wëld
[Änneren] D'Recht fir ze Joen
[Änneren] Juegdequippement
[Änneren] Fréier
- Falen
- Hirschfänger
- Saufieder
[Änneren] Haut
- Feierwaffen
- Flënt
- Bécks
[Änneren] D'Juegd am Selbstverständnes vun de Jeeër an an den Ae vun hire Kritiker
Jeeër leeë Wäert op d'Feststellung, dass se hautesdags aner Missiounen hätten, déi méi wichteg wiren, wéi onbedingt eppes erschéissen ze mussen. Si féieren aus, vill Jeeër wiren an Naturschutzveräiner, an ënnersträichen, dass dacks Jeeër mat Grënnungsmembere vu ville Veräiner a Sektiounen (z.B. vu verschiddene Vulleklibb) waren.
Fir si hätt d'Juegd haut haaptsächlech als Opdrag, Wëld ze erhalen a wa méiglech nëmme Stécker, déi an der Iwwerzuel sinn ze erleeën, oder déi krank eraus ze sënneren.
Juegdkritiker halen deem entgéint, datt d'Natur sech selwer reguléiere géif, an et keen Agrëff vum Mënsch bräicht, an dass bestëmmte Probleemer, déi duerch d'Juegd behuewe solle ginn, wéi z.B. d'Iwwerbevëlkerung vu bestëmmte Wëldzorten, duerch d'Jeeër selwer provozéiert géifen, andeems se z.B. an hirem Revéier d'Wëld am Wanter fidderen.