Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, (Benni genannt), 14,11 km laang, war eng vun de Lëtzebuerger Schmuelspurbunnen. De Benni ass vun 1889 bis 1948 zirkuléiert.
D'Streck huet vun Dikrech iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen gefouert. Den 2. Mee 1948 gouf de Service op dëser Streck agestallt, well e net méi rentabel war. De Benni ass duerch Autobussen ersat ginn. Haut erënnert zu Veianen en Sightseeing-Zichelchen, deen de Numm Benni dréit, nach un d'Romantik vun deeër Zäit.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Literatur
- Federmeyer, Ed.: Die Schmalspurbahnen, GAR Dokumentatioun, Zwéin Bänn, 1991
- Millmeister, Jean: Hundert Jahre "Benni", Veianer Geschichtsfrënn, Nr. 7 - Veianen, Juni 1989
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- De Chareli
- De Jangli