Biotin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Biotin | |
---|---|
Strukturformel: | |
Wëssenschaftleche Numm | |
Biotin | |
Chemesch Formel | |
C10H16N2O3S | |
Dagesbedarf | |
100 µg | |
Virkommen | |
Leguminosen, Innereien, Eegiel, Soja | |
Physikalesch Eegeschaften | |
Aggregatzoustand | fest |
Faarf | keng Faarf |
Léislechkeet | léist sech am Waasser op 0,2 g/l (20 °C) |
Dicht | ? g/cm³ |
Molmass | 244,31 g/mol |
Schmëlzpunkt | 232-233 °C |
Siedepunkt | ? |
Biotin, Vitamin B7 oder Vitamin H ass e Vitamin, dee sech am Waasser opléist.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Biotin oder Vitamin H ass e Vitamin aus der B-Grupp den Ufanks den 30er Joern entdeckt gouf.
[Änneren] Eegeschaften a Struktur
Biotin ass waasserléislech an ziemlech onempfindlech beim Wierme vu Liewensmëttel. Beim Konservéieren vu Liewensmëttel geet allerdéngs vill vun dësem Vitamin verluer. Seng chemesch Formal ass: C10H16N2O3S
[Änneren] Virkommen
Biotin kënnt a ville Liewensmëttel vir, allerdéngs just a ganz wéinege Quantitéiten. Gutt Liwwerante sinn d'Hief, d'Liewer, d'Eegiel an d'Nëss.
Biotin | |
---|---|
Liewensmëttel | Gehalt vum Vitamin (µg/100 g) |
Liewer | 100 - 130 |
Béierhief | 115 |
Sojabounen | 60 |
Cashewnëss | 28 |
Héngeree | 25 |
[Änneren] Aufgaben a Bedarf
Dëse Vitamin ass zoustänneg fir dass d'Zelle wuessen a fir d'Bilde vum Hautgewief, de Blutzellen an de männlechen Sexualhormonen. En ënnerstëtzt den Kuelenhydrat-, Eewäiss- a Fettstoffwiessel an d'Fonktioun vum Nervesystem a Schankemark. Di deeglech Biotinopnahm soll tëscht 30 a 60 µg leien.
[Änneren] Mangel
E Mangel trëtt selen op, well Biotin a ville Liewensmëttel vertrueden ass. Méi en héije Risiko vir e Mangel hunn allerdéngs Puppelcher, well an der Mammemëllech kee Biotin ass, a Fumeure, well d'Fëmme vill méi Biotin verbraucht. Unzeeche fir e Mangel si Verännerungen bei den Hoer oder der Haut.
Vitamins |
---|
All B-Vitaminnen | All D Vitaminnen |
Retinol (A) | Thiamin (B1) | Riboflavin (B2) | Niacin (B3) | Pantothensaier (B5) | Pyridoxin (B6) | Biotin (B7) | Folsaier (B9) | Cyanocobalamin (B12) | Ascorbinsaier (C) | Ergocalciferol (D2) | Cholecalciferol (D3) | Tocopherol (E) | Naphthoquinon (K) |