Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 9. Mee ass den 129. Dag (130. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1949: De Rainier III. gëtt Staatschef vu Monaco.
- 1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an deer en dozou oprifft, dass déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir esou zukünfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domatter hat heen de Grondsteen vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- 1980: De Konstantinos Karamanlis gëtt Staatspresident, de Giorgios Rallis Regierungschef vu Griicheland.
- 1989: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- 1988: De Centre National de l'Audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Dieren op.
- 1993: Éischt fräi Parlamentswahlen am Paraguay.
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt no den éischten demokratesche Walen, bei deenen all Bierger matmaachen duerften, mat 75 Joer zum Präsident vu Südafrika gewielt.
- 1883: José Ortega y Gasset, spuenesche Philosoph, Soziolog an Essayist.
- 1914: Carlo Maria Giulini, italieneschen Dirigent.
- 1921: Sophie Scholl, däitsch Resistenzlerin.
- 1928: Barbara Ann Scott, kanadesch Äiskonschtleeferin.
- 1936: Albert Finney, brittesche Schauspiller.
- 1946: Candice Bergen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1946: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Musekproduzent.
- 1983: Gilles Muller, lëtzebuergeschen Tennissportler.