François Faber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Faber (*26. Januar 1887 zu Aulnay-sur-Iton; † 9. Mee 1915 zu Carency), war e lëtzebuergesche Vëlosportler. Hien huet 1909 als éischten Net-Fransous den Tour de France gewonnen, wat him an der franséischer Press den Titel Le géant de Colombes abruecht huet. Colombes ass déi Uertschaft, wou en deemools gewunnt an als Plënnerer geschafft huet. An engem Interview, an deem hie gefrot gouf, firwat e giff Vëlo fueren, sot en, dat wier manner ustrengend a giff méi abréngen, wéi Miwwele schleefen.
Am Ganzen huet de François Faber 19 Mol eng Etappe vum Tour de France gewonnen. 1908 an 1910 gouf en Zweeten beim Tour. Aner Courssen, déi e gewonnen huet, waren den Tour vun der Lombardei (1908), d'Course Paräis - Roubaix, (1913), Paräis - Tours (1909, 1910), Paräis - Bréissel (1909) a Bordeaux - Paräis (1911).
De François Faber ass matt nëmme 27 Joer am Éischte Weltkrich op franséischer Säit als Zaldot gefall.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1906 (Labor)
- 13. a Paris - Tours
[Änneren] 1907 (Labor)
[Änneren] 1908 (Peugeot)
- 2. am Tour de France an huet folgend Etappe gewonn:
- Etapp 3: Metz - Belfort
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 8: Nîmes - Toulouse
- Etapp 12: Nantes - Brest
- 1. Giro di Lombardia
- 3. Paris - Roubaix
- 3. Paris - Tours
[Änneren] 1909 (Alcyon)
- 1. am Tour de France an huet folgend Etappen gewonn:
- Etapp 2: Roubaix - Metz
- Etapp 3: Metz - Belfort
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 5: Lyon - Grenoble
- Etapp 6: Grenoble - Nice
- Etapp 10: Bayonne - Bordeaux
[Änneren] 1910 (Alcyon)
- 2. am Tour de France an huet folgend Etappen gewonn:
- Etapp 2: Roubaix - Metz
- Etapp 4: Belfort - Lyon
- Etapp 7: Nice - Nîmes
- 1. Paris - Tours
[Änneren] 1911 (Alcyon)
- 1. Bordeaux - Paris
- 2. Paris - Bruxelles
- 12. a Milano - Sanremo
[Änneren] 1912 (Automoto)
- 6. a Paris - Tours
- 13. a Milano - Sanremo
- 14. am Tour de France
- 17. a Paris - Roubaix
[Änneren] 1913 (Peugeot (F)& Safir (B)
- 1. a Paris - Roubaix
- 5. am Tour de France an huet folgend Etappen gewonn:
- Etapp 10: Nice - Grenoble
- Etapp 13: Belfort - Longwy
- 5. am Tour de Belgique
- 5. a Bordeaux - Paris
- 33. a Paris - Tours
[Änneren] 1914 (Peugeot-Wolber)
- 6. a Bordeaux - Paris
- 9. am Tour de France an huet folgend Etappen gewonn:
- Étapp 13: Belfort > Longwy
- Étapp 14: Longwy > Dunkerque
- 27. a Paris - Roubaix
[Änneren] Literatur zum Thema
- François Guillaume, (= Frank Wilhelm), Du Tour de Frantz au Tour de Gaul, Luxembourg, éd. APESS, ISBN 2-87979-213-4.
- Pascal Leroy, François Faber - Du Tour de France au champ d'honneur, L'Harmattan, Espaces et Temps du Sport, Sport, Juni 2006, ISBN 2-296-00847-X.