Carlo Maria Giulini
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlo Maria Giulini war en italienesche Dirigent. Hien ass de 9. Mee 1914 zu Barletta an der Provënz Bari, Italien gebuer, a gestuerwen de 14. Juni 2005 zu Brescia an der Lombardei.
Hien huet op der Akademie vun der Hëlleger Cäcilia zu Roum Alto an Direction studéiert. 1948 huet hie seng éischt Oper dirigéiert, La Traviata vum Giuseppe Verdi. Als Dirigent hie mat esou bekannte Regisseuren ewéi Franco Zeffirelli a Luchino Visconti zesummegeschafft.
Vun 1969 bis 1978 war hien Gaaschtdirigent (principal guest director) vum Chicago Symphony Orchestra, vun 1973 bis 1976 Chefdirigent vun de Wiener Symphoniker. De Los Angeles Philharmonic Orchestra huet hie vun 1978 bis 1984 dirigéiert.