Werner-Plang
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Werner-Plang ass nom Lëtzebuerger Politiker Pierre Werner benannt.
Op enger Ried op engem Parteikongress vun der däitscher CDU, am Januar 1968, stellt de Pierre Werner e Fënnef-Punkte-Plang vir, deen exposéiert, wéi et zu enger Wirtschafts- a Währungsunioun an Europa kinnt kommen. D'Interesse war grouss: Am September 1968 widderhëlt e säin Exposé virun de Finanzministere vun der EWG, an duerno, am Dezember 1969, um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Den Haag. Dës setzen dann och am Mäerz 1970 e Grupp an, mam Werner un der Spëtzt, fir e Plang auszeschaffen, dee soll duerleeën, wéi een etappeweis zu enger europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun sollt kommen.
De Rapport, deen dëse Grupp ausschafft, an deen no sengem President "Werner-Plang" genannt gëtt, hält fest, datt d'Wirtschaftspolitiken openeen ofgestëmmt gi mussen, datt et néideg ass, gemeinsam Instanzen ze grënne fir Decisiounen ze huelen, datt d'Gouverneure vun den Zentralbanken an engem Comité zesummegefaasst solle ginn, datt d'Variatioune vun de Wiesselcoursën ënnerenee limitéiert musse ginn, an datt en europäesche Fong soll geschafe ginn, fir d'Coursën, wann néideg, ze stäipen.
De Werner-Plang kënnt zwar gutt un, mee d'Auswierkungen vum Zesummebroch vum Bretton Woods-System 1971 a vun der Pëtrollskris 1973 op déi europäesch Economie maachen, datt einstweilen de Plang e Plang bleift.
Eréischt an den 1980er Joeren kritt d'Iddi vun enger Europëscher Economesch a Monetär Unioun en neien Ulaf, deen zur Adoptioun vum Euro 1999 sollt féieren.