Europäesch Wirtschafts- an Währungsunioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Sënn an Zweck
D'Europäesch Wirtschafts- an Währungsunioun ass d'Associatioun vun de Memberlänner vun der EU, déi sech zesummegedoen hunn, fir hir Wirtschafts- a Finanzpolitik zee koordinéieren, d'Fluktuatioune vun de Wiesselcouren anzeschränken, respektiv anzefréieren, an doduerch d'Virausetzungen fir d'Aféierung vun enger gemeinsamer Währung, dëm Euro, z'erméiglechen. Si geet also méi wäit wéi eng reng Wirtschaftsunioun.
[Änneren] Virgeschicht
Den Ausgankspunkt war de Werner-Plang,(1970) deen nom lëtzebuergeschen deemolege Staats- a Finanzminister Pierre Werner benannt war. Hien konnt zwar wéint dem Zesummenbroch vun de Währungen net direkt réaliséiert ginn. Mä eng Zuel Membere vun der EU koumen zur Usicht, dat ëppes misst geschéien, fir déi erratesch Schwankunge vun de Wiesselscouren anzeschränken. No der Faillite vun dem Weltwährungsofkomme vu Bretton Woods,(1971), ass dunn 1972 en éischte Versuch gemaach ginn fir en Europäesche Verbond vun de Wiesselcouren erbäi ze féieren. Säin Zil war et, d'Währungsschwankungen tëschent den deemolegen EWG-Länner, méi staark anzeschränken. Well dës Margë sech sollte bannent méi grousse Margë beweegen ass vun enger Schlang, dem Serpent monétaire, geschwat ginn. Duerno koum 1979 den nächste Schrëtt, d'Créatioun vum Europäesche Währungssysteem,(EWS).
[Änneren] Eng Réalisatioun an Etappen
No dem Acte Unique, (1985), an opgrond vum Maastrichter Vertrag (1991), ass d'Europäesch Wirtschafts- an Währungsunioun an dräi Etappë réaliséiert ginn:
- Déi éischt Etapp hat schonns den 1. Juli 1990 ugefang. Si war charakteriséiert duerch d'Realisatiouun vun engem fräie Kapitalverkéier tëschent allen deemolege Member-Länner vun der EU, an duerch méi eng enk Kooperatioun vun der Wirtschafts-, Finanz- an Geldpolitik.
- Déi 2. Etapp ass dunn den 1. Januar 1994 gestart ginn an hat d'Créatioun vun engem Europäesche Währungsinstitut (EWI), Virleefer vun der Europäescher Zentralbank, als Resultat .
- Den Ufank vun der 3. Etapp geet op den 1. Januar 1999 zréck an huet an der Aféierung vu festen, onwidderruflechë Wiesselcoursen an dëm Euro als Buchwährung bestanen. D'Kompetenz vun der Geldpolitik ass gläichzäiteg vun den nationalen Zentralbanken op en Europäesche System vun den Zentralbanken (ESZB) iwerdro ginn.
De Wee war schlussendlech fräi fir den Euro op den 1. Januar 2002 als Borgeld, a Form vu Biljeeën a Mënzen ze materialiséieren.
[Änneren] Literatur
- Otmar Franz: Die Europäische Zentralbank, Europa-Union-Verlag, Bonn, 1990