Bretton Woods
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bretton Woods ass eng Bierguertschaft am New Hampshire, an den USA.
Do huet 1944 eng Weltwährungskonferenz stattfonnt, un deeër déi 44 alliéiert Länner deelgeholl hunn. Sie war aberuff ginn, fir datt nom Zweete Weltkrich de Weltwährungssysteem erëm a geregelten Bunne fonktionnéire kéint. De Prinzip vun fixen, mä upassbaren Wiesselcoursen gouf festgehal. D'Conditiounen an deene Paritéitsännerungen kënnte stattfannen goufen och präziséiert. D'Weltbank an de Fonds Monétaire Internationale si bei deeër Geleeënheet gegrënnt ginn, fir de Länner de noutwendege Bäistand ze leeschten. Dëse System ass 1971 zesummengebrach, an d'Wiesselcoursen sinn an engem ni gekannten Ausmoss no uewen an no ënne gaangen.