Unter den Linden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi historesch Allee Unter den Linden zu Berlin geet aus dem aalen Zentrum vun der Stad am Osten bis un d´Brandenburger Tor. Si ass knapp 1,5 km laang an op hire Säite sti Palaisen, Theateren, Muséeën, Bibliothéiken an Ambassaden. Si geet duerch de Campus vun der Humboldt Universitéit a kräizt d´Akafsstrooss Friedrichstraße.
Si ass d´Adress vun der Däitscher Staatsbibliothéik, der Neue Wache, dem Däitschen Historesche Musée, der Däitscher Staatsoper, dem Opernpalais, der St. Hedwigs Kathedral, der Komescher Oper an dem Hotel Adlon.