Schrëftaart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Schrëftaart bezeechent een an der Typographie déi grafesch Gestaltung vun engem Zeechesaz. Schrëftaarte ginn dacks och Font oder Schrëft genannt.
Et gëtt verschidde Schrëftaarte fir gestalteresch Ënnerscheeder duerstellen ze kënnen, awer och fir déi beschtméiglech Lieserlechkeet z'ereechen an heinansdo och méigelechst vill Plaz ze spueren ouni d'Lieserlechkeet ze veschlechteren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Serifen
Serifen (op frz. enpattements) si kleng Strécher un den Extremitéite vun de Buschstawen. Si verbesseren d'Lieserlechkeet vun engem gedréckten Text, mee erschwéieren d'séiert Erkenne vu Wieder z.B. op Plakater. Esou muss je no Situtatioun eng Schrëft mat oder ouni Serife gewielt ginn. D'Beispiller 1-3 a 6 hu Serifen, 4 a 5 hu keng.
[Änneren] Kursiv
Eng kursiv Schrëft (italic, Beispill 2) staamt vun der Schreifschrëft of an ass (meeschtens) no riets geluecht. Am Géigesaz zu enger schréier Schrëft (slanted, Beispiller 3 a 5) gi verschidde Buchstawen duerch eng aner Schreifweis ersat z.B. den "a" an de "g".
[Änneren] Proportional Schrëft
Bei enger proportionaler Schrëft huet all Buchstaf déi selwecht Breet (Beispill 6). Fir bei besonnesch schmuele Buchstawe wéi "i" oder "l" net zevill wäiss ze loosse kréien dës besonnesch grouss Serifen.
[Änneren] Literatur
- Schuler, Günter: Der Typo Atlas, 2000, Smartbooks Publishing. 524 S.