San José (Kalifornien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
San José | |
---|---|
Land | USA |
Staat: | Kalifornien |
Koordinaten: | 37°18′15" N 121°52′22" W |
Fläch: | 461,5 km² |
Awunner: | 904.500 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.976 / km² |
Héicht: | 0 - 1333 m i. NN |
Buergermeeschter: | Ron Gonzales |
San José ass eng Stad am US-Staat Kalifornien an ass och de Sëtz vun der County-Verwaltung vum Santa Clara County. Stad läit um südlechen Enn vun der San Francisco Bay a mécht d'Grenz zum Silicon Valley. Dat ass och de Grond firwat se de Spëtznumm "Capital of the Silicon Valley" huet. Matt 904.522 Awunner ass et ausserdeem no Los Angeles an San Diego déi drëtt gréisste Stad aus Kalifornien.
[Änneren] Geschicht
San José gouf den 29. November 1777 ënnert dem Numm "El Pueblo de San José De Guadalupe" gegrënnt. Et war déi éischt Stad an Alta California déi net aus enger Missioun oder engem militäresche Posten erviirgeet. Den 27. Mäerz 1850 gouf San José als éischt Stad an den US-Bundesstaat Kalifornien agegliddert a war och déi éischten Haaptstaad vu Kalifornien.
[Änneren] Geographie
San José ëmfaasst e Gebitt vun 461,5 km² wouvunner 452,9 km² Land an 8,6 km² Waasser sinn.
[Änneren] Sport
No beim Stadzentrum ass den HP-Pavillon, eng Äissportshal, déi de Sëtz vum NHL-Team San José Sharks ass. An der Hal sinn awer och aner Evenementer, wéi zum Beispill Concerten oder dat jäerlecht Tennis-Turnéier SAP-Open.