Milton Friedman
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Milton Friedman, gebuer den 31. Juli 1912 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen de 16. November 2006 zu San Francisco war en US-amerikanesche Economist.
De Fils vu jiddëschen Immigranten aus der Ukraine war ee vun de populärsten an energëschsten Sympatisanten vun enger fräier Maartwirtschaft ouni staatlech Interventiounen.
Hie war tëscht 1946 an 1976 Professer un der Universitéit vu Chicago. Bekannt gouf en duerch seng Wierker iwwer d'Makroeconomie an als Verfechter vum Laissez-faire Kapitalismus. Hee krut 1976 den Nobelpräis fir Economie. Hee gëllt als Schüler vum Frank Knight an als Haaptvertrieder vun der Chicagoer Schoul. Hie war och Conseiller vum US-President Ronald Reagan an der britëscher Premierministerin Margaret Thatcher.