Henry Cravatte
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Henry Cravatte (21. Mee 1911 zu Dikrech - 4. November 1990), war e lëtzebuergesche Politiker.
Hien huet Droit studéiert a gouf 1936 zu Dikrech Affekot.
Seng politesch Carrière huet 1951 ugefaang, wéi en op der Lëscht vun der LSAP an de Gemengerot zu Dikrech gewielt a gläich Buergermeeschter gouf. 1957 koum en an d'Oppositioun, mee gouf 1964 nees Buergermeeschter.
An der LSAP war den Henry Cravatte vun 1953 bis 1957 Member vum Comité-directeur a vun 1959 bis 1969 President. 1959 gouf en an d'Chamber gewielt, nodeems e vun 1958 bis 1959 Statssekretär fir Wirtschaft war. No de Chamberwale vun 1964 gouf e Vizepresident vun der Regierung an Inneminister an der Regierung Werner-Cravatte.
Den 3. Mee 1970 ass den Henry Cravatte als Parteipresident zeréckgetrueden, fir dono an déi nei gegrënnten Sozialdemokratsch Partei anzetrieden, där hire President en de 14. Mäerz 1971 gouf an dat bis 1980 blouf.
1968, 1974 an 1979 gouf en all Kéiers an d'Chamber erëmgewielt..
Vum 26. Abrëll 1976 bis den 19. Juni 1978 war hie President vum Conseil de l'Europe.
1981 huet hien sech nees bei de Gemengewalen opgesat a gouf och, op der LSAP-Lëscht (ouni awer Member ze sinn) Dikrecher Gemengeconseiller bis zu sengem Doud 1990. Vun 1970 bis 1990 war hien och President vum Syvicol, a vun 1959 bis 1979 President vum Conseil des communes d'Europe.