Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 4. November ass den 308. Dag (309. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1922: Egypten: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneken bei Luxor dat bis dohin onbekannte Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1956: Ungarn: Sowjetesch Truppe fänken un, den Opstand vum ungaresche Vollek bluddeg néierzeschloen.
- 1979: Iran: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah deen an d'USA fortgelaf wor. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1995: Israel: Den israelesche Premier Itzchak Rabbin gëtt zu Tel Aviv vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 1999: Däitschland: D'Wehrmachtsaustellung vum Hamburger Institut für Sozialforschung gëtt no massiver Kritik vun Historiker virleefeg aus dem Verkéier gezunn.
- 1914: Den Institut Emile Metz (haut Lycée Technique Privé Emile Metz) mécht seng Dieren op.
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.