Europafändel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Beschreiwung
Den Europafändel besteet aus engem Kranz vu zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn.
Den Europafändel ass 1955 vum Europarot agefouert ginn. 1986 gouf dësen Europafändel vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Am Projet vun der Europäescher Verfassung ass dëse Fändel als offiziellt Symbol vun der Europäescher Unioun festgeschriwwen. Traditionnell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet. Reng zoufälleg huet d'Zuel vun de Stären deemools, 1986 bis 1995, bis zur Erweiderung, der Zuel vun den deemolege Memberstaaten vun der Europäescher Unioun entsprach. D'Zuel vun de Stäre gouf zënterhier net méi geännert.