Euro-Zon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Euro-Zon (och alt 'Euroland' genannt) ëmfaasst déijéineg Memberstaate vun der Europäescher Unioun, déi den Euro (€) als Währung agefouert hunn.
Dat sinn zur Zäit: d'Belsch, Däitschland, Éisträich, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal a Spuenien.
Dräi Memberstaaten, Dänemark, Groussbritannien a Schweden hu bis op weideres décidéiert, vierleefeg net der Euro-Zone bäizetrieden.
Déi zéng nei Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004 der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vireran ze refuséieren, den Euro anzeféieren. Si mussen allerdings déi néideg Stabilitéits-Critèren erfëllen, éier se dat kënne maan.