Ambulanz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Generell gesinn ass eng Ambulanz en Auto dee fir den Transport a fir d'Rettung vu Kranken an/oder Blesséierter bestëmmt ass.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Generelles
Zu deem Zweck ass eng Ambulanz ageriicht mat techneschem Material dat fir deen Zweck geduecht ass an enger sougenannter Sondersignalanlag aus bloe Luten um Daach, Frontbletzeren souwéi enger Sireen, déi dozou déngt, aner Verkéiersteilnehmer drop hinzeweisen, datt eng Ambulanz dei bloo fiert (also mat ugeschalte Luten a Sirenen) ëmmer an iwwerall theoretesch d'Viirfahrt huet.
Ambulanzen fënnt ee meeschtens an dräi Gréissten, entweder a meeschtens ob Basis vun engem Transporter (wéi Mercedes Sprinter, VW T4), op Basis vun engem klenge Camion oder op Basis vun engem Persounewon. Ambulanzen kënnen vu privaten a staatlechen Organisatiounen betreit gin, doriwwer decidéiert de Staat.
[Änneren] Ambulanzen zu Lëtzebuerg
Den Gros vun den Ambulanzen, 51 Stéck (Stand Juli 2004), gehéieren zur Protection Civile déi am ganze Land Primärasätz fueren, ausser an der Stad Lëtzebuerg wou d'Beruffspompjeeën désen Service mat 11 Ambulanzen (7 normaler, 3 medicaliséierter (NAW) an enger Infektiounsambulanz) assuréiren.
Privatambulanze fueren hei nëmme Sekundärasätz wei Transporter oder Verleeënsfahrten.
[Änneren] Equipement
Am heefegsten begéint een hei Mercedes Sprinteren, déi vun den Firmen BINZ oder WAS emgebaut goufen. Si hunn an der Reegel bei sech:
- En Branquat mat enger Vakuummatratz drop
- En Droduch
- En Rollboard (net an all Ambulanz)
- En KED fir Persounen aus Autoen ze retten
- Vakuumschinne fir Brech an ähnleches (cf. Vakuummatratz)
- E Klapp-Rollstull
- Eng Schaufeltrag zur Rettung an Transport
- Medezinesche Sauerstoff
- Eng Ofsaugpompel
- En Pulsoximeter den den Sauerstoffwert ugeet an den Pols
- Verbandsmaterial
- Material fir den SAMU (Zougäng, Perfusiounen, Perfusiounsbestecker)
- Beotmungsmaterial
- Spezialwallissen fir Verbrennungsfäll a pädiatresch Noutfäll
- entweder eng Beotmungswallis an eng Verbandswallis oder e Rettungsrucksaak mat Verbandsmaterial, Beotmungsmaterial, Material fir den SAMU, Medizinesche Sauerstoff an nach anner kleng Sachen, wei Eisbeutelen, Blutdrockmanschette ...
Verschidden Ambulanzen, an haptsächlech Médicaliséiert-Ambulanzen, verfügen zousätzlech nach iwwert en EKG (Elektrokardiogramm), der Mark no dacks einfach Propaq genannt. Zenter 2004 och méi oft einfach "Zoll" (wéinst däer neier Mark ob den SAMU'en). Dann och nach Medikamenter an en Apparat fir eng Defibrillatioun, den Defibrillator oder Back-To-Life-Machine oder einfach Defi genannt.
Déi zwou Infektiounsambulanzen si bannen aus Inox-Stol an erliichteren esou d'Desinfizéieren. Chaufferskabin as komplett vum Patientenraum ofgetrennt, an as domat och Loftdicht. Vir allerdings mat esou enger Ambulanz fueren zekennen muss en den Führerschein mat der Kategorie C hun. De Moment steet eng Infektiounsambulanz zu Diddeleng an eng an der Staat.
[Änneren] Besatzung
D'Besatzung vun enger Ambulanz besteet aus zwee oder dräi Leit Personal plus Patient plus eventuell Begleetpersoun, dat heescht maximal fënnef Persounen. Als Personal ass normalerweis (wat awer kann änneren) dräi Ambulancieren oder zwéin Ambulancieren an een Ambulancier-Stagiare. Et ass och méiglech dat zwéin Ambulancieren fueren, dat kënnt awer méi seele vir.
Bei akute Noutfäll, wa medezinesch Hëllef gebraucht gëtt, kann d'Equipe vun der Ambulanz den SAMU ufuederen dee mat sengen NEF'en zu Hëllef kënnt. Dee Moment besteet d'Equipe vun enger Ambulanz dann heefeg aus engem Dokter an engem Infirmier beim Patient an engem Chauffeur, während déi zwéin ausgewiesselt Ambulancieren am NEF an d'Spidol nokommen.
[Änneren] Ambulanzen am Laf vun der Zait
Huet ee fréier nach bal iwwerall Ambulanzen an der Gréisst vun de stater gesinn, gesäit een haut meeschtens just nach däer ob Basis vun Camionetten oder sougenannte Kofferambulanzen wei d'Stater an d'Diddlenger Infektiounsambulanz. Dëss si méi kammoud. A Lëtzebuerg gett momentan probéiert all Ambulanz mat Datcom auszerüsten, e System deen et méiglech mecht d'Asaatzadress direkt ob e Bildschierm an der Chauffeurkabin ze schèken an der Leitstell vum 112 ëmmer Réckmeldung iwwert den Status an d'Positioun vum Gefier ze gin ouni datt een agräife muss. Dësst mecht et suguer méiglech mat Hëllef vun den Asaatz-Donnéen an vum GPS-Signal, d'Anfahrt automatesch ze navigéieren.
Et gëtt och zénter laangem driwwer nogeduecht, Ambulanze mat automateschen Defi'en auszerëschten. Dat gëtt an der Stad als Pilotprojet probéiert, mee ass nach keen Standard. D'Protection Civile wëll dëss Apparaten, eng Decisioun läit zur Zäit nach an der Chamber.