Ambulancier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Ambulancier ass eng Persoun, déi ob enger Ambulanz matfiert an eng entspriechend Ausbildung huet. Zu Lëtzebuerg beschreift Ambulancier d'Ausbildung, déi sou eng Persoun huet, sou wei et zum Beispill an Däitschland mat den Ausbildungen zum Rettungsassistent, Rettungssanitäter oder Rettungshelfer gehale gëtt.
[Änneren] De Lëtzebuerger Ambulancier
[Änneren] Ausbildung
Zu Lëtzebuerg ginn d'Ambulancieren vun der Protex an der Croix Rouge vun der Protection Civile ausgebild. Als Viraussetzung muss een en Éischt-Hëllef-Cours absolvéiert hunn. Vir Stagiare-Ambulancier muss en dann och den Mindesalter vun 16 Joer hun. Dann triede si engem Centre de Secours bäi a mussen do regelméisseg am 2-Wochen-Takt d'Ambulanciers Coursë besichen. Dodertëschent besicht een eng Kéier am Joer d'ENPC, d'École nationale de la Protection Civile zu Schëmpech. An deer Zäit ass een Stagiare-Ambulancier an et dierf een als drëtte Mann mat zwee aneren Ambulanciere matfueren. No zwee Joer dierf een dann den Ambulanciers-Examen untrieden, en Examen die sech an e prakteschen, e schrëftlechen an e mëndlechen Deel obdeelt. Wann een dëse gepackt huet, ass een Ambulancier, et muss een awer weiderhin ob d'mannst a 60% vun de Coursë matman.
[Änneren] Befäegungen
En Ambulancier ass u sech en Transportspezialist fir blesséiert oder krank Persounen. Seng Kompetenze si grondsätzlech all Moossnamen, ofgesi vu sougenanntenen Actes Medicales, zu deenen all Medikamentenofgab oder Kierperverletzung zielt. Dat heescht, et ass een net berechtegt Zockerwäerter ze moossen, Medikamenter ze ginn, Perfusiounen ze setzen an ähnleches. Allerdéngs verfügt een iwwert d'Méiglechkeet, eng Sauerstofftherapie ze vollzéien duerch déi d'Geforen nëmmen ënner ondenkbaren Zoustänn real sinn. D'Aufgabe sinn also d'Iwwerwachung, den Transport, d'Betreiung sou wéi einfach liewensrettend Moossname wei Verbänn, Beotmung, Häerzdrockmassage, Ofsaugen an Immobilisatioun.