Al Battani
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mohammed ibn Dschâbir al-Battânî oder Mohammed ben Geber ben Senan Abu Abdallah al Batani, (lat: Albategnius oder Albatanius) (ar:محمد بن جابر بن سنان البتاني) gebuer tëschent 850 an 869 zu Harran no bei Şanlıurfa - haut Tierkei; a gestuerwen 929 op der Rees vu Bagdad op Rakka am Schlass Dschass. Hie war e kurdesche Geléierten a gëllt als ee vun deene gréissten Astronomen aus dem Noen Osten.
Den Al-Battânî huet der arabescher Welt d’Grondlag vun dem Léierbuch Retha Ganita vermëttelt: indesch Zifferen, d’Konzept vun der Null, d'Grondlag vun der Geometrie an der Algebra). Duerch d’Araber weider entwéckelt koumen dës Grondlage spéider no Europa. D’astronomesch Tafele vum Al-Battânî goufe mat dem Titel Scientia Stellarum fir d'éischt am Joer 1537 zu Nürnberg gedréckt.
Den Al-Battânîs war Gouverneur vun de Kalifen a Syrien. Seng astronomesch Observatiounen huet hie deels zu Damaskus, deels zu Aracta a Mesopotamien gemaach. Hie huet d’Längt vum Sonnejoer op 365 Deeg 5 Stonnen 46 Minutten 24 Sekonnen berechent, also bis op ronn zwou Minutte genee.
Den Al-Battânî huet déi (scheinbar) Exzentrizitéit vun der Sonnebunn méi genee ënnersicht an dobäi fir d'éischt d’Bewegung vum Apogäum bemierkt an d’Bewegung vun de Planéite ganz genee berechent.
Weider huet hien nei Tafelen a vill Modifikatioune bei déi gebräichlech Theorie, d'ptolemäescht System, gesat. Bedeitend ass awer virun allem de Verdéngscht vum Al-Battânîs ëm d’Trigonometrie, bei deeër hien als éischten amplaz vun de Sehnen de Sinus gebraucht huet. Hien huet als éischten de Sinussaz fonnt a bewisen.
Ausserdeem huet hie bewisen, datt d’Verhältnes vum Sinus duerch de Cosinus dem Tangens entsprëcht:
Hie léist och d’Gläichung sin x = a cos x: