Stack (Informatik)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An der Informatik bezeechent e Stack (op däitsch och nach Stapelspäicher, oder Keller genannt), eng Datestruktur, déi besonnesch dacks beim Programméiere vu Mikroprozesseren agesat gëtt.
[Änneren] Funktiounsprinzip
E Stack kann eng bestëmmte Gréisst vun enger Informatiounsstruktur, déi d'selwecht Gréisst huet, ophuelen a gëtt se entgéint der Reiefolg vu der Opnahm erëm zeréck. Benotzt gi folgend Operatiounen:
- push (akelleren) - späichert den Inhalt vun engem Späicher am Stack of,
- pop (auskelleren) - schreiwt den Inhalt, deen am Stack gespäichert gouf, nees an de Späicher zeréck,
dacks gëtt zousätzlech nach folgende Befehl ugebueden:
- peek (nokucken) - de geretteten Inhalt kann aus dem Stack geholl ginn, ouni datt en am Stack geläscht gëtt.
- XTHL - tauscht den Inhalt vun der Stackspäicherplaz, dee mam Stackpointer adresséiert ass, mam Inhalt vun der Registerkoppel H aus.
Dobäi gëtt nom Last In, Frist Out-Prinzip (op lëtzebuergesch: Als lescht eran, als éischt eraus) geschafft. Mam pop gëtt also ëmmer deen Objet erausginn, dee fir d'lescht duerch push eraginn gouf.
De Prinzip kann mat Këschte beim Plënnere vergläch ginn: Eng nei Këscht kann een ëmmer nëmmen uewen op e Stouss Këschte stellen. Wann ee se elo erëm eenzel verréckele wëll, fänkt een uewen bei der Këscht un, déi ee fir d'lescht dropgesat huet.
[Änneren] Kuckt och
- Queue