Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Paranthropus robustus (oder Australopithecus robustus) ass eng ausgestuerwen Aart aus der Gattung Paranthropus, dem robusten Australopithecin. Si huet ongeféier virun 2,1 Millioune Joer bis ongeféier virun 0,9 Millioune Joer gelieft.
Gehirvolumen |
530 cm³ |
Gréisst |
1,1 - 1,3 m |
Gewiicht |
40 - 80 kg |
Kascht |
spezialiséiert op Planzekascht |
1938 huet e Kand am Steebroch vu Kromdraai a Südafrika e Schiedel vun engem Virmënsch fonnt. Dëse Schiedel hat riseg Bakenzänn. De Robert Broom huet en als Paranthropus robustus klassifizéiert.