Stamm (Biologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Stamm (lat. phylum) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, an dat an der Zoologie an an der Bakteriologie. E Stamm regruppéiert déi verschidde Klassen.
De Stamm kann nach an: Iwwerstamm an Ënnerstamm agdeelt ginn.
E Beispill ass:
- Iwwerstamm: Deuterostomia
- Stamm: Chordata
- Ënnerstamm: Wirbeldéieren
- Stamm: Chordata
D'Kategorie iwwert dem Stamm ass d' Räich.
Tëscht dem Räich an dem Stamm gëtt et heinsdo nach eng Zwëschekategorie d'Ofdeelung, mee dat just a ganz wéinege zoologesche Fäll. D'Ofdeelung gëtt haaptsächlech an der Botanik benotzt fir d'Planzeräich anzedeelen.